Hagia Sofia

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hagia Sophia)
Hagia Sofia
Land Tierkei
Gemeng Istanbul
Plaz Sultanahmet
Koordinaten 41°0'30"N, 28°58'48"O
Architekt(en) Mimar Sinan
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 23. Februar 532 (julianesch)
Opgaangen 1054 (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 404 (julianesch)

D'Hagia Sofia (vum Algriicheschen Ἁγία Σοφία -"Helleg Weisheet" oder "Gëttlech Weisheet"), op Tierkesch Ayasofya, ass eng fréier chrëschtlech Basilika, aus där eng Moschee gemaach gouf. Se steet zu Istanbul op der westlecher Säit vum Bosporus.

Si gouf am 6. Joerhonnert ënnert dem byzantinesche Keeser Justinian op der Plaz vun engem Virgängerbau aus dem 4. Joerhonnert gebaut a gëllt zanterdeem als dat wichtest Monument vun der byzantinescher Architektur an eng vun de prestigiéiste chrëschtleche Kierche bis an d'15. Joerhonnert eran.

No der Eruewerung vu Konstantinopel, 1453, duerch d'Osmanen, gouf se ënner dem Sultan Mehmed II. an eng Moschee ëmgewandelt, a blouf dat bis un d'Enn vum Osmanesche Räich. 1934 gouf s'an e Musée ëmgewandelt, ier se dann neses 2020, mat engem Dekreet fir den islamesche Kult opgemaach gouf.

Si ass en Deel vun der historescher Zon vun Istanbul, déi 1985 vun der Unesco op hir Lëscht vun de Weltkulturierfschafte gesat gouf.[1].

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

...

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hagia Sofia – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche op unesco.org, gekuckt 2020-09-02.