Op den Inhalt sprangen

Hallefmetall

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Periodesystem vun den Elementer
(Zouweisung no der heefegster Modifikatioun bei Raumtemperatur an Normaldrock)
H   He
Li Be   B C N O F Ne
Na Mg   Al Si P S Cl Ar
K Ca Sc Ti V Cr Mn Fe Co Ni Cu Zn Ga Ge As Se Br Kr
Rb Sr Y Zr Nb Mo Tc Ru Rh Pd Ag Cd In Sn Sb Te I Xe
Cs Ba * Hf Ta W Re Os Ir Pt Au Hg Tl Pb Bi Po At Rn
Fr Ra ** Rf Db Sg Bh Hs Mt Ds Rg Cn Nh Fl Mc Lv Ts Og
 
  * La Ce Pr Nd Pm Sm Eu Gd Tb Dy Ho Er Tm Yb Lu  
  ** Ac Th Pa U Np Pu Am Cm Bk Cf Es Fm Md No Lr  
Hallefleeder
Graphit, schwaarze Phosphor
groe Selen
Hallefmetaller Metaller

Hallefmetaller si cheemesch Elementer, déi am Periodesystem vun den Elementer tëscht de Metaller an den Netmetaller leien. Op Grond vun hirer elektrescher Leetfäegkeet an hirem Ausgesi kënne se weder als Metaller nach als Netmetaller klasséiert ginn. All Hallefmetaller si Feststoffer ënner normale Bedéngungen.

Hallefmetaller goufe fréier och Metalloide genannt, obwuel dësen Term och fir Netmetaller benotzt gouf[1].

Vereelzt Definitioun

[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend 9 Elementer goufen als Hallefmetaller ugesin:

  • Bor (B): typescht Hallefmetall
  • Silizium (Si): typescht Hallefmetall
  • Germanium (Ge): éischter e Metall
  • Arsen (As): typescht Hallefmetall
  • Antimon (Sb): éischter e Metall
  • Bismut (Bi): éischter e Metall
  • Selen (Se): éischter en Netmetall
  • Tellur (Te): typescht Hallefmetall
  • Polonium (Po): e Metall

Aktuell Definitioun

[änneren | Quelltext änneren]

Enger neier Definitioun vun den Hallefmetaller no, bezitt ee sech éischter op d'Bandstruktur vun de Feststoffer, wéi just op hir physikalesch a cheemesch Eegenschaften. Hallefmetaller sinn deemno kristallin Feststoffer mat enger Bandlück, déi e Wäert vun Null oder e Wäert am Beräich vun der thermescher Energie huet, woubäi d'Boltzmann-Konstant ass an déi absolut Temperatur. Typesch Vertrieder aus dem elementare Beräich sinn d'Kuelestoff-Modifikatioun Graphit an de groen Zënn (α-Sn).

Eng genee Klassifikatioun ass awer ganz schwéier, well déi verschidde Kristallmodifikatioune meeschtens ënnerschiddlech Eegenschaften hunn. Sou ass de wäissen Zënn (β-Sn) e Metall, wärend de groen Zënn (α-Sn) e Hallefleeder ass, obwuel deen och als Hallefmetall bezeechent ka ginn. D'Klassifikatioun soll deemno op der heefegster Modifikatioun bei Raumtemperatur an op dem Atmosphärendrock baséieren.

Physikalesch Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]
D'Wäerter bezéie sech op déi heefegst Modifikatioun bei Raumtemperatur an op den Atmosphärendrock
Element Bor

(B)

Kuelestoff

(C)

Silicium

(Si)

Phosphor

(P)

Germanium

(Ge)

Arsen

(As)

Selen

(Se)

Antimon

(Sb)

Tellur

(Te)

Astat

(At)

Schmëlzpunkt (°C) (1013 hPa)[2] 2076 3642 1410 44,2 938,3 613 221 630,63 449,51 575
Kachpunkt (°C) (1013 hPa)[2] 3930 3642 3260 280 2830 613 685 1635 990 610
Dicht (g/cm³) (20 °C, 1013 hPa)[2] 2,460 2,26 2,336 1,83 5,323 5,73 4,819 6,697 6,24
Mohs-Häert 9,3 0,5 6,5 6,0 3,5 2,0 3,0 2,25
Elektresch Leetfäegkeet (S/m) 1,0 · 10−4 3 · 106 2,52 · 10−4 1,0 · 10−9 1,45–2,2 3,03 · 106 1,0 · 10−10 2,5 · 106 1 · 104
Wärmeleitfähigkeit (W/(m·K)) 27 150 0,236 60 50 0,52 24 3 2
Dissoziatiounsenergie (kJ/mol) 314,8 302,7 308 262,5 225
Bandlück (eV) 1,12 0,67 1,74
Uerdnungszuel 5 6 14 15 32 33 34 51 52 85
Atommass (u) 10,81 12,011 28,085 30,974 72,630 74,922 78,971 121,760 127,60
Elektronegativitéit 2,04 2,55 1,90 2,19 2,01 2,18 2,55 2,05 2,1 2,2
Modifikatiounen Graphit

Diamant

wäiss
schwaarz
rout
mof
gro
giel
schwaarz
gro
schwaarz
rout
gro
schwaarz
Kristallsystem P3̅ Graphit: h

Diamant: A4

A4 cl A4 P3̅ h P3̅ h cF

Déi heefegst Modifikatioun ass fett gedréckt.
cl: kubesch raumzentréiert, cF: kubesch flächenzentréiert, h: hexagonal, A4: Diamantestruktur, P3̅: rhomboedresch

 Commons: Hallefmetall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de) Wilhelm Steffen, Lehrbuch der anorganischen reinen und technischen Chemie (experimental-Chemie).: Die Metalloide. Maier (1889). Gekuckt den 28.09.2025.
  2. 2,0 2,1 2,2 P. Häussinger, R. Glatthaar, W. Rhode, H. Kick, C. Benkmann, J. Weber, H.-J. Wunschel, V. Stenke, E. Leicht, H. Stenger: Noble Gases. In: Ullmann's Encyclopedia of Industrial Chemistry. Wiley-VCH, Weinheim 2006.