Halogeen
| Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Halogeenen („déi Salz bilden“, vum Aalgriicheschen ἅλς háls „Salz“ an γεννᾶν gennãn „bilden“) sinn eng Grupp vun de cheemeschen Elementer. Follgend sechs Elementer gehéieren zu den Halogeenen: Fluor, Chlor, Brom, Jod, den extreem rare radioaktiven Astat an den héich onstabillen Tennessin, deen am Joer 2010 fir d'éischt kënschtlech produzéiert gouf.
D'Grupp vun den Halogeene läit um rietse Bord vum Periodesystem, tëscht de Chalkogeenen (6. Haaptgrupp) an den Eedelgasen (8. Haaptgrupp). D'Halogeene bilden déi 17. Grupp vum Periodesystem vun de Elementer.
Den Numm vun der Grupp geet op de Jöns Jakob Berzelius zeréck, deen de Begrëff corpora halogenia virgeschloen hat.
Dës Netmetaller sinn an hirem elementaren Zoustand ganz reaktiv (Fluor ka mat Feier reagéieren), se si faarweg a reagéiere mat Metaller fir Salzer ze bilden (dowéinst den Numm) a mat Waasserstoff ënner normale Bedéngunge fir Halogenwasserstoffen (gasfërmeg, monobasesch Saieren) ze bilden.
Fluor, Chlor, Brom a Jod spille wichteg Rollen an der Chimie, der Biologie an der Medezin. Astat gëtt an organesche Verbindungen an der Nuklearmedezin fir d'Bestralung vu béisaartegen Tumeure benotzt.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]| Element | Fluor (F) | Chlor (Cl) | Brom (Br) | Jod (I) | Astat (At) | Tennessin (Ts) |
|---|---|---|---|---|---|---|
| Schmëlzpunkt (1013 hPa)[1] | 53,53 K
(−219,62 °C) |
171,6 K
(−101,5 °C) |
265,8 K
(−7,3 °C) |
386,85 K
(113,70 °C) |
575 K
(302 °C) |
? 623–823 K
(? 350–550 °C)[2] |
| Kachpunkt (1013 hPa)[1] | 85,15 K
(−188 °C) |
238,5 K
(−34,6 °C) |
331,7 K
(58,5 °C) |
457,2 K
(184 °C) |
? 610 K
? 337 °C |
? 883 K
(? 610 °C)[2] |
| Kritesche Punkt[1] |
|
|
|
|
||
| Dräiphasepunkt |
|
|
|
|||
| Dicht (20 °C, 1013 hPa)[1] | 1,6965 kg/m3 | 3,215 kg/m3 | 3,12 g/cm3 | 4,94 g/cm3 | ? 6,2–6,5 g/cm3(bei 25°C)[3] | 7,1–7,3 g/cm3(bei 25°C)[2] |
| Atommass | 18,998 u | 35,45 u | 79,904 u | 126,904 u | [210][4] | [294][4] |
| Elektronegativitéit | 4,0 | 3,16 | 2,96 | 2,66 | 2,2 | – |
| Struktur | ||||||
| Kristallsystem | kubesch | orthorhombesch | orthorhombesch | orthorhombesch |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Halogeen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 P. Häussinger, R. Glatthaar, W. Rhode, H. Kick, C. Benkmann, J. Weber, H.-J. Wunschel, V. Stenke, E. Leicht, H. Stenger: Noble Gases. In: Ullmann's Encyclopedia of Industrial Chemistry. Wiley-VCH, Weinheim 2006.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 (en) Helmenstine, Anne Marie, Ph.D, Tennessine Element Facts. ThoughtCo (01.04.2019). Gekuckt de 26.09.2025.
- ↑ (en) D. Bonchev, Verginia Kamenska, Predicting the properties of the 113-120 transactinide elements. The Journal of Physical Chemistry S. 1177–1186 (01.04.1981). Gekuckt de 26.09.2025.
- ↑ 4,0 4,1 D'Element huet keng stabil Nukliden, an de Wäert a Klammere gëtt d'Massenzuel vum Isotop mam längste Liewe vum Element un.