Hammerbrücke (Hauset)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gemeng Hammerbrücke bei Hauset an der Belsch. Fir aner Begrëffer mat deem Numm, kuckt wgl. Hammerbrücke.

D'Hammerbrücke ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Dall vun der Gueule westlech vun Hauset an der Provënz Léck.

Et ass déi véiert Bréck déi am Laf vun der Zäit op där Plaz gebaut gouf.

Déi éischt Bréck[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Hammerbrücke

Mat dem Bau vun der éischter Hammerbrücke gouf am Fréijoer 1841 op der belscher Eisebunnsstreck Léck-Hergenrath mat Verbindung op Oochen, ugefaangen.

Déi Bréck war eng Boubréck op zwéi Stäck. Den éischte Stack hat 13 Béi, an den zweete 17. D'Bréck hat eng Längt vun 206,5 Meter, war 8,47 Meter breet, a 37,6 Meter héich iwwer dem Niveau vun der Gueule. D'Bréck war mat Zille gebaut, an et waren där 8 Millioune Stéck gebraucht ginn. Si huet déizäit 1,2 Millioune belsch Frange kascht.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich hunn d'Belsch sech drun erënnert datt d'Preisen am Éischte Weltkrich d'Bréck gebraucht hunn, fir Arméismaterial ze transportéieren an dofir krut dat 1. Regiment vun de Cyclistes-frontière den Uerder fir d'Bréck an d'Luucht ze joen. An der Nuecht vum 9. op den 10. Mee hunn 10 Zaldoten ënner dem Kommando vun engem Ënnerleitnant vum Genie 150 Kilogramm TNT ënner de Pileren 1, 2 n 3 op der Säit vun Hergenrath ubruecht an hu sech an engem Ënnerstand beim 8. Pilier a Schutz bruecht. Si haten d'Kraaft vun de Chargen ënnerschat, well Bréck ass praktesch ganz zesummegefall an huet de Sprengkommando ënner sech begruewen. Nëmmen zwéin Zaldote ware mam Liewen dovu komm.

D'Bréck haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Hammerbrücke vu Weste gesinn

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]