Hansruedi Giger

Vu Wikipedia
Hansruedi Giger
Gebuertsnumm Hans Rudolf Giger
Gebuer 5. Februar 1940
Chur
Gestuerwen 12. Mee 2014
Zürich
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Hochschule für Gestaltung und Kunst
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Architekt, Illustrateur, Grafiker, Designer, Filmregisseur, Filmmécher

Den Hansruedi oder Hans Ruedi (bei der Gebuert: Hans Rudolf; als Kënschtlernumm HR oder H. R.) Giger, gebuer de 5. Februar 1940 zu Coire, an der Schwäiz, a gestuerwen den 12. Mee 2014 zu Zürich, war e Schwäizer Plastiker, Graphiker, Illustrateur, Sculpteur an Designer.

Hien ass bekannt fir seng Molereien a Skulpture vun, wéi hien et nennt, "bio-mechanesche" Sujeten, déi deels Maschinn, deels organesch sinn, dat Ganzt gär mat Uspillungen op den Doud an/oder d'Sexualitéit. Am bekanntsten däerft en duerch seng Mataarbecht um Film Alien sinn, wou en déi ausserierdesch Kreaturen an hiert Raumschëff entworf huet, a woufir en en Oscar krut. Hien huet och eng Rëtsch Covere vu Musekalben entworf.

An engem Musée zu Gruyères kann ee seng Wierker kucke goen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: H.R. Giger – Biller, Videoen oder Audiodateien