Harmonie Municipale de Dudelange

Vu Wikipedia
D'Harmonie Municipale Dudelange am Arsenal zu Metz

D'Harmonie Municipale Dudelange a.s.b.l. ("HMD", Diddelenger Stadmusek) ass en typesche Vertrieder vun der sougenannter sinfonescher Blosmusek (Franséisch: Orchestre d'Harmonie, Däitsch: Sinfonisches Blasorchester) aus Lëtzebuerg.

De Klangkierper setzt sech aus 60 bis 80 net bezuelten Amateurmuseker zesummen, woubäi Blosinstrumenter a Perkussioun komplett besat sinn. Nieft der eigentlecher Harmonie existéieren och nach eng Jugendmusek an eng Big Band. De Repertoire ass variéiert an ëmfaasst ënner anerem Originalkompositioune fir Harmonie, Transkriptiounen, Solostécker, an och Wierker fir Big Band.

Wéi déi meescht Museken aus dem Land ass och d'HMD e Veräin ouni Gewënnzweck, dee bei der Union Grand-Duc Adolphe affiliéiert ass, an deem jiddweree bäitriede kann.

D'Harmonie an hiren Historique[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1886 huet eng Handvoll musekbegeeschtert Diddelenger eng Musek gegrënnt, aus där op Emweeër déi haiteg HMD entstanen ass. Dëse Virleeferveräin ass awer schonn 1895 aus finanzielle Grënn opgeléist ginn. D'Neigrënnung vun enger Musek zu Diddeleng war den 11. Juli 1896, dëst ënner dem Numm "Musikgesellschaft Düdelingen". Mat dem wirtschaftlechen Opschwong duerch d'Stolindustrie ass e puer Joer méi spéit, de 4. August 1907, d'Duerf Diddeleng zur Stad Diddeleng erhuewe ginn, an domat ass aus der "Musikgesellschaft Düdelingen" dann d'Harmonie Municipale de Dudelange ginn.

Méi spéit, am Joer 1973, ënner der Direktioun vum François Tommasini, ass d'HMD an déi aktuell Division Nationale vun de Lëtzebuerger Museke klasséiert ginn. De 24. Mee 1990 war den éischten europäesche Museksconcours vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA). D'HMD huet do eng 8. Plaz realiséiert, nach virun den anere lëtzebuergesche Museken.

Fir de Centenaire am Joer 1996 goufen och Stagen a Workshope mat auslännesche Museker wéi dem Piet Jeegers a Komponisten wéi dem Philip Sparke organiséiert.

Young Harmonists[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass déi aktuell Jugendmusek vun der HMD. Zil ass fir déi Jonk méiglechst fréi an den Ensembel anzebannen an hinnen d'Freed un der Musek ze vermëttelen. Si prouwe reegelméisseg all Freideg ënner der Leedung vum Christophe Strupp.

Déi haiteg Jugendgrupp ass net den éischte Grupp vun där Zort: Schonn am Joer 1967 gouf den éischte Jugendgrupp vun der HMD gegrënnt.

HMD Big Band[änneren | Quelltext änneren]

D'HMD Big Band gouf am Joer 2000 vun enger Handvoll begeeschterter Jazzfrënn gegrënnt a gehéiert zu der Harmonie Municipale Diddeleng. D'Grupp funktionéiert als reduzéierten an deelweis ëmbesaten Ensembel, ass also net als Veräin am Veräin unzegesinn. Geprouft gëtt wann en Engagement virläit.

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1897 - 1901: Fred Marx
  • 1901 - 1902: Dr. Albert Urbany
  • 1902 - 1907: Pierre Majerus
  • 1907 - 1912: Alphonse Koener
  • 1912 - 1919: François Junius
  • 1919 - 1922: Dr. Joseph Jacoby
  • 1922 - 1940: Fred Marx
  • 1940 - 1946: Francois Berwick
  • 1946 - 1950: Dr. Roger Wilwert
  • 1951 - 1966: Ernest Neiens
  • 1966 - 1972: Auguste Gretsch
  • 1972 - 1977: Fernand Wagner
  • 1977 - 1983: Jean Zeimetz
  • 1983 - 1992: Jos Elvinger
  • 1992 - 1997: Armand Reuter
  • 1997 - 2002: Martine Deprez
  • 2002 - 2013: Conny Theobald
  • 2015 - 2022: Eric Ewald
  • 2024 - .... : Romain Haas

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1896 - 1898: Fr. Pommerelle (Lëtzebuerg)
  • 1898 - 1901: Auguste Klein (Lëtzebuerg)
  • 1901: A. Füssels (Dummeldeng)
  • 1901 - 1907: Fernand Mertens (Lëtzebuerg)
  • 1907: J. Renson (Rëmeleng)
  • 1907 - 1913: Albert Schacht (Hamburg)
  • 1913 - 1919: A. Bertiaux (Charleroi)
  • 1919 - 1924: Auguste Tosberg (Lëtzebuerg)
  • 1924 - 1934: Nic Bohnenberger (Lëtzebuerg)
  • 1934 - 1944: Charles Lanser (Lëtzebuerg)
  • 1944 - 1948: René Eiffes (Diddeleng)
  • 1948 - 1961: Pierre Schonckert (Lëtzebuerg)
  • 1961 - 1972: Eugène Weber (Lëtzebuerg)
  • 1972 - 1981: François Tommasini (Diddeleng)
  • 1981 - 1983: Marc Müller (Diddeleng)
  • 1983 - 1989: Francis Schummer (Diddeleng)
  • 1989 - 1996: Christian Gregorius (Dikrech)
  • 1996 - 1998: Marc Rehlinger (Diddeleng)
  • 1998 - 2006: Marc Meyers (Diddeleng)
  • 2006 - 2007: Marco Battistella
  • 2007 - 2008: Marc Meyers als Interim (Diddeleng)
  • 2008 -...: Sascha Leufgen (Prüm)

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Zu den traditionellen Aktivitéiten am Laf vun der Saison, déi vu September bis Juli geet, gehéieren ënner anerem:

Doriwwer eraus spillt d'Musek Concerten op Invitiatioun uechter d'Land an och am Ausland, an natierlech steet d'Musek als Harmonie Municipale der Gemeng zur Verfügung fir weider Aktivitéien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]