Uewerkäerjeng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hautcharage)
Uewerkäerjeng
Al Schoul, aalt Paschtoueschhaus a Kierch
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Hautcharage
de: Oberkerschen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Awunner 1.970 [1]
  01.01.2024
Fläch 588,7577 ha[2]
Héicht 308 m
Koordinaten 49° 34’ 32’’ N
      05° 54’ 36’’ O

Uewerkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Uewerkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Nopeschdierfer sinn der Auer no: Kënzeg, Féngeg, Héiweng, Schuller, Nidderkäerjeng, Lénger.

D'Mierbaach, déi südlech vum Boufferdanger Muer entspréngt, leeft duerch Uewerkäerjeng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch Hellegen Dionysus (Saint-Denis) ass 1744 gebaut an de 15. August 1761 vum Tréirer Weibëschof Johann Nikolaus von Hontheim geweit ginn. D'Kierchemiwwele stamen aus dem Barock. [3]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft ass iwwer den CR110a an den CR111 un d'Stroossennetz ugeschloss. Se gëtt vum RGTR- a vum TICE-Busreseau ugefuer.

Uewerkäerjeng war bis 1967 iwwer d'Atertlinn mam Eisebunnsreseau verbonnen. Déi fréier Gare ass ofgerappt ginn [4]. Do wou fréier d'Atertlinn gelaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

De Stade um Bëchel, alen Terrain vun U.N. Käerjéng 97 (ofgerappt)

De fréiere Foussballclub FC Jeunesse Hautcharage huet an der Saison 1970/71 d'Coupe de Luxembourg gewonnen. De Veräin aus der éischter Divisioun konnt sech an der Finall géint d'Jeunesse Esch mat 4:1 no Verlängerung duerchsetzen. Am Europapokal vun de Pokalgewënner huet de Veräin an der éischter Ronn géint den Titelverdeedeger Chelsea F.C. missen untrieden. D'Jeunesse Hautcharage huet 0-8 doheem an 13-0 auswäerts verluer a mat enger Goldifferenz vun 0-21 an enger Ronn en Negativrekord opgestallt, deen ëmmer nach besteet. [5]

Den aktuelle Foussballclub UN Käerjéng 97 ass 1997 duerch d'Fusioun vun de fréiere Veräiner FC Jeunesse Hautcharage an US Bascharage entstanen. D'Heemmatcher vum Fusiounsveräin goufe bis 2011 am Stade um Bëchel zu Uewerkäerjeng gespillt, dee mëttlerweil ofgerappt ass. Deen neie Stadion Käerjenger Dribbel steet zu Nidderkäerjeng [6].

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Bauerenhaus zu Uewerkäerjeng
Kierchtuerm vun der Uewerkäerjenger Kierch

6 Gebaier zu Uewerkäerjeng sinn an der Lëscht vun den nationale Monumenter agedroen. Dozou gehéieren dräi Bauerenhaiser, dat aalt Paschtoueschhaus, eng Kapell an d'Kierch.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Käerjeng.
.

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://www.kaerjeng.lu/la-commune-en-chiffres/
  2. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  3. (lb)Kierch Hellegen Dionysus (Denis). Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg. Gekuckt de(n) 2024-03-16.
  4. Station / Gare / Bahnhof Hautcharage. rail.lu. Gekuckt de(n) 2024-03-16.
  5. (en)Craig McCracken, How a team from Luxembourg with a one-armed striker lost 21-0 to Chelsea (30.11.2016). Gekuckt de(n) 16.03.2024.
  6. Infrastructures communales. Gekuckt de(n) 17.03.2024.