Hayabusa (Raumsond)

Vu Wikipedia
Hayabusa
E Modell vun der Raumsond Hayabusa bei der Buedemprouf. Op der lénkser Bordsäit sinn déi véier Düse vun de Ionendreifwierker ze gesinn.
Missioun Asteroidesond
COSPAR-Bezeechnung 2003-019A
Drorrakéit M-V
Optrag vun der JAXA
Zil Asteroid (25143) Itokawa
Startmass 510 kg
Start an Enn 9. Mee 2003
13. Juni 2010
Startplaz Uchinoura Space Center
 
09. 05. 2003 Start
 
19. 05. 2004 Swing-by laanscht d'Äerd
 
12. 09. 2005 Ukomm beim Asteroid Itokawa
 
12. 11. 2005 Ofsetze vum Lander
 
25. 04. 2007 Réckstart fir zeréck op d'Äerd
 
09. 06. 2010 lescht Bunnkorrektur virum Antrëtt an d'Atmospär
 
13. 06. 2010 Oftrenne vun der Retourkapsel
 
13. 06. 2010 Antrëtt an Ärdatmosphär
 
13. 06. 2010 mëll Landung an der WPA

Hayabusa (jap.: 小惑星探査機「はやぶさ」(MUSES-C) oder "Hayabusa" (Muses-C), ass eng Raumsond vun der japanescher Raumfaartagentur JAXA. D'Sond ass den 9. Mee 2003 op den Asteroid (25143) Itokawa gestart. Den 12. September 2005 hat si hiert Zil erreecht an huet do Buedemprouwe geholl. Nom Réckfluch, dee sech wéinst verschiddenen technesche Problemer ëm dräi Joer verréckelt hat, koum déi ofgetrennt Kapsel mat der Prouf den 13. Juni 2010 um 13:56 UTC (23:30 Auer Uertszäit) iwwer Australien an d'Äerdatmosphär zeréck. Et war déi éischt Buedemprouf vun engem Asteroid déi vun engem Raumgefier op d'Äerd matbruecht gouf.

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Hayabusa war am September 2005 beim Asteroid (25143) Itokawa (fréier Bezeechnung 1998 SF36) ukomm. Am Ufank war de geplangten Datum fir Juni 2005 virgesinn, mä wéinst gréissere Sonnestierm goufen e puer Solarzelle vun der Sond beschiedegt, sou datt d'Ionendreifwierker manner Stroum kruten a sou manner Schub liwwere konnten. D'Sond war déi éischt japanesch Raumsond mat Ionendreifwierker. En Aschwenken an eng Ëmlafbunn ëm den Asteroid war net geplangt. D'Sond blouf an enger Positioun an der Géigend vum Asteroid. No enger Kartéierung aus 20 km Héicht ass d'Sond no an no un den Asteroid erukomm. Ufanks war et nach onsécher, ob dobäi déi versichte Buedemprouf vun ongeféier engem Gramm erfollegräich wier. Trotzdeem huet d'Sond de Prouwebehälter op d'Äerd zeréckbruecht.

Fir d'Prouf ze huelen hat d'Hayabusa alsStëbsfänker eng trichterfërmeg Ëffnung. Bei der Buedemberéierung vum Trichter gouf e klengt Geschoss op d'Uewerfläch ofgefeiert an de Prouwebehälter kuerz opgemaach. En Deel vum opgewierbelte Material gouf op déi Aart a Weis gesammelt. Kuerz virum Opsetzen um Buedem gouf och nach e sougenannte Target Marker op der Uewerfläch ausgesat, deen d'Raumsond fir d'Navigatioun benotzt huet. De Réckfluch op d'Äerd hat sech wéinst verschiddene Problemer mat der Lagereegelung, den Hydrazindreifwierker an dem Datentransfert verspéit. Dofir konnt den éischte méigleche Starttermin fir d'Réckrees, Ufank Dezember 2005, net gemaach ginn. Eréischt bei der bunntechnesch nächster Geleeënheet am Abrëll 2007 konnt d'Sond mat hirem Ionenundriff d'Réckrees op d'Äerd untrieden an den 13. Juni 2010, an Australie landen.

Ufanks sollt d'Missioun mat USA-Bedeelegung stattfannen, déi e klengen Nanorover mam Numm Muses-CN hätte bäisteiere wollten. De Rover gouf awer aus finanzielle Grënn nees gestrach. Amplaz hat d'Hayabusa eng kleng, nëmme 591 g schwéier japanesch Landesond mam Numm Minerva (Ofkierzung vun Micro/Nano Experimental Robot Vehicle for Asteroid) matgefouert, déi mat dräi Kamerae a Solarzellen bestéckt war. D'Landesond hätt beim éischte Proufversuch op der Uewerfläch sollen ofgesat ginn, fir do – wéinst der klenger Schwéierkraaft vum Asteroid – weider ze "hopsen" an dobäi Fotoen ze maachen. Wéinst engem Timingfeeler gouf d'Sond eréischt méi spéit ausgesat.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 9. Mee 2003 war déi japanesch Raumsond Hayabus erfollegräich vum japaneschen Uchinoura Space Center zu Kagoshima op enger M-V-Drorakéit gestart.
  • Enn 2003 war d'Sond a Sonnestierm geroden, woubäi d'Solarzellfläche beschiedegt goufen a wéinst deem doduerch reduzéierte Schub vun de Ionendreifwierker gouf d'Arrivee dräi Méint méi spéit wéi virgesinn, erwaart.[1]
  • Den 19. Mee 2004 hat d'Hayabusa e Swing-By-Manöver bei der Äerd gemaach. D'Laanschtfluchhéicht war 3.700 km.
  • Den 31. Juli 2005 goung ee vun den dräi Gyroskopen (X-Achs) ausser Betrib.
  • De 14. August 2005 gouf der Hayabusa hiert éischt Bild vum Asteroid Itokawa publizéiert. D'Foto gouf vun engem Startracker opgeholl a weist ee Liichtpunkt dee sech beweegt an dee fir den Asteroid gehale gouf. Weider Biller goufen tëscht dem 22. an dem 24. August opgeholl.
  • Den 28. August 2005 goufen d'Ionendreifwierker ofgeschalt, fir d'Lagkorrektur goufen nëmme cheemesch Dreifwierker agesat.
  • De 4. September 2005 hunn d'Kamerae vun der Hayabusa éischt Biller vum Itokawa opgeholl, op deenen een d'Form vum Asteroid erkenne konnt.
  • Den 12. September 2005 erreecht d'Hayabusa eng Positioun, déi ronn 20 km vum Itokawa ewech läit, an op där d'Raumsond "stoe" blouf. Déi Positioun gouf vun der JAXA als "Gate Position" bezeechent. Déi cheemesch Dreifwierker goufen um 1:17 UTC fir d'lescht agesat, fir d'Relativvitess vun der Sond un den Asteroid unzegläichen. Elo war d'Hayabusa an enger Ëmlafbunn, déi bal d'selwecht wéi déi vum Klengplanéit war – d'Differenzvitess war 0,25 mm/s.
  • Den 30. September 2005 hat d'Hayabusa mat Hëllef vu senge cheemeschen Dreifwierker op déi sougenannt Home Position, déi ongeféier 7 km vum Asteroid ewech louch, gewiesselt.
  • Den 2. Oktober 2005 war den zweeten (Y-Achs) vun den dräi Gyroskope ausgefall. Vun elo un gouf d'Lagreegelung mam leschte Gyroskop (Z-Achs) souwéi mat zwee cheemeschen Dreifwierker gemaach.
  • Den 2. November 2005 hat d'JAXA bei enger Pressekonferenz déi éischt héichopgeléist Fotoe vum Itokawa virgestallt. Och déi geplangt Plaze wou d'Prouwe geholl sollte ginn, goufe gewisen.
  • De 4. November gouf eng éischt Rendezvousprouf un den Asteroid ofgebrach.
  • Den 12. November gouf bei der zweeter Rendezvousprouf d'Landesond Minerva op enger Héicht vu ronn 200 m ausgesat. D'Aussetze entstoung, wärend d'Mammesond an enger Opwäertsbeweegung war, sou datt d'Minerva am Weltall verluere gaange wier. Wärend der Rendezvousprouf gouf och en Target Marker ausgesat.
  • Déi éischt Prouf gouf den 19. November gestart. En Target Marker gouf um 19:55 Auer UTC an enger Héicht vu 40 Meter ausgesat an hat 6,5 Minutte méi spéit d'Uewerfläch vum Asteroid erreecht. Dono ass d'Sond dem Target Marker am vollautomatesche Modus mat enger Vitess vun ongeféier 2–3 cm/s, nogeflunn. No den éischte Berichter war d'Erukommen bis op eng Héicht vu ronn zéng Meter nominal, dono goung d'Sond an e safe mode an huet ugefaange sech lues ze dréien. D'Hayabusa war schonn 30 Minutten um Asteroid gelant a kee wousst et. Well d'Landung awer net an engem plangméissege Modus geschitt war, gouf ugeholl datt keng Buedemprouwe geholl gi waren.
  • Déi zweet Landung war dann de 26. November 2005. Déi Kéier hat de Mechanissem fir Prouwen ze huelen no éischte Berichter tiptop geschafft. Ob Material gesammelt gouf, war awer net sécher, mä d'JAXA war trotzdeem vun enger erfollegräicher Missioun ausgaangen.
  • Well et keng Verbindung mat der Sond gouf an d'Batterien eidel waren, gouf d'Startfënster vum 14. Dezember 2005 net benotzt.
  • Den 23. Januar 2006 krut JAXA dat éischt, nach onmoduléiert Signal vun der Hayabusa zanter Ufank Dezember 2005. Am Laf vun den nächste Woche gouf d'Sond ënner Kontroll bruecht an eng stabil Kommunikatioun opgebaut.
  • De 25. Abrëll 2007 hat dunn d'Hayabusa mat senge Ionendreifwierker d'Heemrees ugetrueden. Ob d'Sond deen ongeplangt laange Fluch iwwerstoe géif, war deemools allerdéngs net kloer.
  • D'Dreifwierker goufen de 24. Oktober 2007 ofgeschalt an d'Sond mat der Dréiachs op d'Sonn ausgeriicht. Si ass von deem Ament un ouni Undriff op enger Hohmannbunn a Richtung Äerdbunn geflunn. D'Dreifwierker ware bis dohin 31.000 Stonnen a Betrib an haten ëmmer nach genuch Schub a genuch Dreifstoff. Mam Orbitmanöver gouf eréischt am Februar 2009 weidergefuer.
  • Am Mee 2008 gouf d'Retourkapsel eng lescht Kéier op hir Funktioun gepréift a versigelt. Den 2. Juni 2008 war d'Sond Hayabusa 1,5 A.E. vun der Sonn ewech a vun der Äerd aus gesinn, hanner der Sonn.
  • De 4. Februar 2009 huet JAXA déi erfollegräich Zündung vun den Dreifwierker gemellt. Bis Mäerz 2010 sollt d'Sond weider acceleréiert ginn, d'Réckrees war fir de Juni 2010 geplangt.
  • De 4. November 2009 gouf festgestallt, datt d'Dreifwierk D sech wéinst Problemer automatesch ofgeschalt hat. Dreifwierk konnt och net méi frësch aktivéiert ginn. Och d'Dreifwierk C war an der Tëschenzäit ofgeschalt, awer nach funktiounsfäeg.
Antrëtt vun der Raumsond Hayabusa mat der Retourkapsel an d'Äerdatmosphär iwwer Südaustralien den 13. Juni 2010.
  • Am Verlaf vum Réckfluch goufe vum 4. Mee 2010 un (Distanz zu der Äerd: 16,6 Mio km) véier Bunnkorrekture gemaach, fir d'Sondbunn op d'Äerd an op d'Landegebitt ofzestëmmen.
  • Trotz villen Ausfäll vu Komponenten (z. B. waren zwee Gyroskopen ausser Funktioun, nëmm nach véier vun eelef Lithium-Ionen-Batterië funktiounsfäeg, de cheemeschen Dreifstoff war opgebraucht an den Antennenausriichtungsmechanissem blockéiert) konnt d'Raumsond op d'Äerd zeréckbruecht ginn a se hat sech den 13. Juni 2010 um 10:51 UTC vun der Retourkapsel mat der Prouf getrennt. D'Sond war iwwerer Südaustralien vergloust a konnt dobäi vun en ettlechen Observatiounsstatioune verfollegt ginn, wärend d'Retourkapsel no Plang um Fallschierm an der australescher Woomera Prohibited Area gelant war an eng Stonn méi spéit vun engem Helikopter lokaliséiert gouf.

Daten[änneren | Quelltext änneren]

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Container mat Partikele vum Itokawa

D'Biller vun der Sond, déi den Itokawa am September 2005 erreecht hat, weisen d'_Uewerfläch vum Asteroid mat engem Opléisungsverméigen vun ënner engem Meter. Opfälleg ass dat bal komplett Feele vun Aschlagkrateren, déi d'Ueweerfläche vun aneren Asteroide, déi bis elo vu Raumsonde besicht goufen, wéi z. B. den (243) Ida oder den (433) Eros, dominéieren. Verschidde Gebidder op Itokawa si vun Regolithe an Fielsstécker mat ënnerschiddleche Gréisste bedeckt, op aner Plaze läit blankt Gestengs fräi erëm. D'Dicht an der Moyenne vum Itokawa konnt duerch den Hayabusa zu 2,3±0,3 g/cm³ bestëmmt ginn. Dat ass eppes manner, wéi fir kompakt Silikatgestengs erwaart gouf. Déi Observatioune leeën no, datt et sech beim Asteroid ëm ee nëmme vun der Gravitatiounskraaft zesummegehalene, poréise "Müllkoup" (engl. rubble pile) handelt.

Den Heemreesbehälter, deen ënner ganz propere Bedéngungen ënnersicht gouf, hat eng kleng Zuel vu Partikelen, déi no Aussoe vu JAXA definitiv vum Itokawa staamen.

Hayabusa 2[änneren | Quelltext änneren]

  • Wéinst dem Erfolleg vun der Missioun huet d'JAXA am Hierscht 2010 fir eng nei Missioun mam Numm Hayabusa 2 gestëmmt, déi den 3. Dezember 2014 erfollegräich gestart ass an op den Asteroid (162173) Ryugu geflunn ass, mam Zil fir drop ze landen an eng Buedemprouf zeréck op d'Äerd ze brengen.[2],[3].
Den 3. Oktober 2018 ass de Landemodul MASCOT wéi virgesinn um Ryugu gelant.

Weider Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hayabusa – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FlugRevue Februar 2010, S.76, Mit halber Kraft zurück – Hoffen und Bangen bei Japans Asteroidensonde
  2. http://www.dlr.de/dlr/desktopdefault.aspx/tabid-10212/332_read-12372/year-all/#/gallery/17355 Matdeelung vun der DLR zum Start
  3. http://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/hayabusa-2-gestartet-mascot-auf-dem-weg-zu-asterioden-a-1005599.html