Heartbeat Parade

Vu Wikipedia
Heartbeat Parade
Museksgenre instrumentalen Hardcore Punk, Math-Rock a Post-Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2009
Websäit SoundCloud a Facebook
Memberen Félix Faber (Bass)
Vincent "Vinny" Orianne (Batterie)
Vincent "Vinch" Le Gac (Gittar, zanter 2010)

Heartbeat Parade ass eng lëtzebuergesch Hardcoreband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Heartbeat Parade gouf 2009 zu Esch-Uelzecht vum lëtzebuergesche Bassist Felix an dem belschen Drummer Vinny, zwee fréier Membere vun dEFDUMp, gegrënnt. 2010 ass nach de franséische Gittarist Vinch derbäikomm, dee virdun an der Grupp Riktus war[1],[2]. D'Band huet kee Sänger a setzt Sample mat Stëmmen aus Radios- an Televisiounsemissiounen a Filmer an.

Si haten hiren éischte gréisseren Optrëtt 2010 um Out of the Crowd-Festival. 2011 huet d'Band selwer hir éischt eponym Demo verëffentlech an ass als "découverte" beim renomméierte Festival Printemps de Bourges opgetrueden[3]. Duerno hate si nach Optrëtter an aneren europäesche Länner an hunn d'Joer drop hir EP Burning Nantucket! verëffentlecht.

Am Februar 2013 ass de Museksvideo Burning Water an den éischten Album Hora de los hornos um Label Whosbrain Records erauskomm, deen ënner anerem am Studio vun der Rockhal opgeholl gouf. Den Titel ass en Zitat vum kubaneschen Dichter José Martí[4].

2015 hunn Heartbeat Parade hiren zweeten Album Some Sort of Naked Apes erausbruecht. D'Releaseparty war den 10. Oktober an de Rotonden[5].

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Hora de los hornos
  • 2015: Some Sort of Naked Apes

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Heartbeat Parade
  • 2012: Burning Nantucket!

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. lordsofmetal.nl: Interview
  2. woxx.lu: HARDCORE: Trois pour un vum Luc Caregari (14. Februar 2013)
  3. wort.lu: Heartbeat Parade lassen aufhorchen vum Eric Hamus (23. Abrëll 2011)
  4. Dat ganzt Zitat ass: Es la hora de los hornos y no se ha de ver más que la luz
  5. luxtimes.lu: Heartbeat Parade march on with new album release (9. Oktober 2015)