Heckefräschen (Famill)

Vu Wikipedia
Heckefräschen am breede Sënn
Europäeschen Heckefräsch

Europäeschen Heckefräsch
Europäeschen Heckefräsch
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Amphibien (oder Lurchen)
Uerdnung: Fräschelurchen (Anura)
Famill: Heckefräschen a.b.S
Wëssenschaftlechen Numm
Hylidae
Rafinesque, 1815
Aart

eng 720 Aarten

En Heckefräsch op engem Bam

D'Heckefräschen am breede Sënn (Hylidae) sinn eng Famill vu Fräschelurchen (Anura), deenen hir Aarten op der ganzer Welt verbreet sinn. A Mëttel- a Südamerika an an Ozeanien gëtt et déi meescht Aarten dovun. Am Ganze sinn ongeféier 720 Aarte bekannt, woumat et eng vun de Famille mat de meeschten Aarten an der Klass vun den Amphibien ass.

Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Well et vill verschidde Variante gëtt, ass et net einfach, gemeinsam Charakteristiken ze beschreiwen. Heckefräschen am breede Sënn hunn an der Reegel eng glat Haut, relativ laang hënnescht Been fir ze sprangen, a se liewe virun allem an Hecken, op Beem a soss Planzen. Charakteristesch sinn d'Haftscheiwen un de Spëtze vun hire Patten, déi hinne beim Kloteren a Festhalen hëllefen. Déi meescht Aarte leeën hir Eeeër nuets a flaach roueg Gewässer, eenzeler awer och op Blieder. D'Männercher hunn dacks eng grouss Schallblos ënnert der Maul, mat där se duerch haart Quake probéieren d'Weibercher unzelackelen.

Verbreedung vun der Famill Hylidae uechter d'Welt.

Taxonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'systematesch Andeelung gëtt kontrovers diskutéiert, jee nodeem ob ee molekularbiologeschen oder morphologesche Krittären de Virzock gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hylidae – Biller, Videoen oder Audiodateien