Heeschbrech
Heeschbrech | |
---|---|
![]() Heeschbrech (2016) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hersberg de: Hersberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Camille Kohn |
Koordinaten |
49° 45’ 24’’ N 06° 19’ 41’’ O |
Heeschbrech (um Stroosseschëld an op der Kadasterkaart als Heeschbreg agedroen) ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech, déi virun allem duerch d'Heeschbrecher Bildchen bekannt ass.
Inhaltsverzeechnes
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Heeschbrech läit nërdlech vun der Schanz, an engem klengen Dall, duerch dat den Heeschbrecherwee leeft. D'Haiser sinn net laanscht Strooss, mä riets a lénks dovun, zum Deel e bëssen den Hang erop.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Géigend ëm Heeschbrech war schonn an der Bronzezäit bewunnt: An den 1960er Jore gouf beim Heeschbrecher Bildchen eng stengen Aaxt aus där Zäit fonnt.[1]
Um Flouer Kaasselt (deen op dat Laténgescht castellum zréckgeet) si Reschter vun enger bal 300 m laanger gallo-réimescher Befestegungsanlag ze fannen. Dës gouf warscheinlech am 3.-4. Joerhonnert gebaut, wou d'Germaneniwwerfäll an der Géigend zougeholl hunn. 1976-1977 gouf dës archeologesch ënnersicht.[2]
Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 sinn zu Hirsbourg 2 méi grouss Häff an ee méi e klengt Wiesen ze gesinn. Op der Kadasterkaart vun 1819 sinn nieft der Kapell 5 Häff agedroen.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- D'Heeschbrecher Bildchen an enger joerhonnertenaler Eech ass eng bekannte Pilgerplaz bei d'Muttergottes. Et ass zanter 2004 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Kapell vun Heeschbrech
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Heeschbrech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.150-151.
- ↑ Raymond Linden: "Eine römische Befestigungsanlage auf Hersberg "Kasselt"." In: Hémecht 1977/4, S.575-590.