Hei elei, kuck elei
Hei elei, kuck elei war den Titel vun enger Televisiounsemissioun a Lëtzebuerger Sprooch (der éischter iwwerhaapt), déi tëscht dem 21. September 1969 an dem 21. Oktober 1991 sonndes mëttes tëscht 13.00 an 13.45 (spéider bis 15.00) Auer op der Frequenz vun Télé Luxembourg (zum Schluss och vun RTLplus) ausgestraalt gouf.
Se gouf vun der CLT produzéiert. Chefredakter an Haaptmoderator war de Jean Octave, a méi spéiden Emissiounen huet de Lucien Michels och verschidden Emissioune (co-)moderéiert. De Programm bestoung gewéinlech aus enger Wocherevue, a geleeëntleche Reportagen, Debaten, Museks- oder Theateropféierungen, asw.
Den Initiator vun dësem Magasinn war de fréiere Generaldirekter vun der CLT, de Gust Graas. Et war och hien, deen den Numm „Hei elei, kuck elei“ virgeschloen hat.
An den 1980er Joren huet RTL-Hei elei och véier Filmfictioune produzéiert a gewisen: Déi zwéi vum Bierg (a 6 Episoden), E Fall fir sech, E Liewe laang an De falschen Hond.
Hei elei kuck elei gouf am Oktober 1991 mat RTL-Hei elei enger deeglecher Emissioun op Lëtzebuergesch ersat, déi hirersäitas am September 1995 an RTL Télé Lëtzebuerg ëmbenannt gouf.
Den Numm ass e Vers aus der Operett D'Mumm Séis vum Edmond de la Fontaine.
En ass dee warscheinlech bekanntste lëtzebuergesche Saz an Holland. Dat kënnt dohier, well, wéi RTL en Televisiounssender op Hollännesch lancéiert huet (RTL Veronique, deen haitegen RTL4) dëse Sender offiziell huet misse "lëtzebuergesch" sinn, well e keng hollännesch Lizenz hat an nëmmen als "auslännesche" Sender huet däerfen an d'Kabelnetzer agespillt ginn. Dofir ass dann ëm Hallefnuecht, wann de Programm eriwwer war, oder moies fréi, ier et lass goung, "Hei elei, kuck elei" ausgestraalt ginn. Besonnesch bei jonke Leit hat et e gewësse Kultstatus, virum (oder nom) Erausgoen "Hei elei" ze kucken a sech iwwer dee gelungene Programm z'ameséieren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Déi fréier Episoden (1982/83 bis 1993/94) op play.rtl.lu