Heinrich IV. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Heinrich IV.
Henry IV, Count of Luxembourg.png
Titelen
Virgänger Konrad II.
Nofollger Ermesinde
Biographie
Gebuer 1113 (Julian)
Gestuerwen 14. August 1196 jul.
Iechternach
Bestuet mat Laurette vu Flandern,
Agnes vu Geldren
Papp Godefroi I.
Mamm Ermesinde vun Namouer
Kanner Ermesinde vu Lëtzebuerg

Den Heinrich IV., genannt de Blannen, war Grof vu Lëtzebuerg vun 1136 bis 1196, Grof vu Namouer vun 1139 bis 1189 (?), Grof vu La Roche vun 1152 bis 1194, a Grof vun Durbuy vun 1161 (?) bis 1194.

Hie war de Fils vum Godefroi I., Grof vun Namouer a vun der Ermesinde vun Namouer, Duechter vum Konrad I., Grof vu Lëtzebuerg.

Den Heinrich, oder Heng de Blanne gouf ëm 1112 gebuer an ass de 14. August 1196 zu Iechternach gestuerwen.

Nom Doud vu sengem Koseng Konrad II., 1136, krut hien d'Grofschaft Lëtzebuerg vum Keeser Friedrich I. Barbarossa iwwerdroen. De Barbarossa wollt net, datt Lëtzebuerg an d'Hänn vun de franséische Grofe vu Grandpré sollt kommen.

3 Joer méi spéit, 1139, nom Doud vu sengem Papp, ierft en d'Grofschaft Namouer. 1141 hëlleft en dem Albero II., Bëschof vu Léck, fir Bouillon vum Renaud I., Grof vu Bar, zeréck z'erueweren.

Als Grof vu Lëtzebuerg war hien och Vogt vun den Abteien St. Maximin vun Tréier an St. Willibrord vun Iechternach. Doduerch hat hien, grad wéi seng Virgänger, Reiwereie mam Äerzbëschof vun Tréier. 1147 huet hien dunn op d'Abtei St. Maximin verzicht. Nom Doud vum Äerzbëschof Adalberon huet hie seng Uspréch awer erëm gëlle gelooss. Den neien Äerzbëschof Hillin huet, fir dem Heinrich IV. seng Uspréch ze befriddegen, him 1155 d'Stad Gréiwemaacher als Echange ugebueden.

1157 huet den Heinrich sech mat der Laurette vum Elsass († 1175) bestuet, Duechter vum Thierry vum Elsass, Grof vu Flanderen a vun der Sybille vun Anjou. Si sinn 1163 awer erëm ausernee gaangen.

Well den Heinrich bis dohi keng Kanner hat, huet hie säi Schwoer Baudouin IV vum Hainaut, dee mat senger Schwëster Alix bestuet war, als Ierwen agesat. Nom Doud vum Baudouin IV. 1171 krut deem säi Fils, de Baudouin V., d'Ierfschaft iwwerdroen.

Mat deene vum Hainaut huet den Heinrich IV. zwee Kricher (1170 an 1172 géint de Grof Henri vu Limbourg gefouert.

1171 huet hie sech mam Agnes vu Geldern, Duechter vum Henri, Grof vu Geldern a vum Agnes vun Arnstein, bestuet. Mä och dës Kéier koum keen Ierwen op d'Welt an den Heinrich huet och seng 2. Fra 1184 verstouss. Wéi hien awer dunn schwéier krank an definitiv blann ginn ass, huet en se erëmgeholl. 1186 hu se dunn e klengt Meedche kritt, d'Ermesinde.

Dës Gebuert huet dem Heinrich de Blannen säin Ierfschaftsplang a Fro gestallt: Hie war iwwerzeegt datt säi Versprieche, wat hien dem Baudouin V. gemaach hat, elo hifälleg wier. Den Heinrich, deen scho 76 Joer hat, huet e Beschützer fir säi Meedche gesicht an huet d'Ermesinde am Alter vun 2 Joer mam Henri, Grof vun der Champagne (* 1166, † 1197 verloobt.

De Baudouin V. huet sech awer op säin Ierwrecht behaapt an huet de Keeser Friedrich Barbarossa ugespaant fir ze tranchéieren. De Keeser huet dunn decidéiert:

  • De Baudouin V. sollt d'Grofschaft Namouer ierwen,
  • D'Ermesinde sollt d'Grofschaften Durbuy a La Roche ierwen,
  • D'Grofschaft Lëtzebuerg sollt un de Keeser fale well kee männlechen Ierwen do war.

Den Henri aus der Champagne huet op d'Verlobung verzicht an d'Ermesinde gouf mam Theobald I., Grof vu Bar, verloobt an 1197 bestuet.

Den Heng de Blanne war erëm an de Krich gezunn géint den Henri III. vu Limburg a gouf den 1. August 1194 zu Noville-sur-Mehaigne (bei Namouer) geschloen.

Den Heinrich IV., de Blannen, ass 1196 zu Iechternach gestuerwen a gouf an der Abtei Floreffe bäigesat.


Virgänger:
Konrad II.
Grof vu Lëtzebuerg
1136 - 1196
Nofollger:
Ermesinde
Virgänger:
Godefroi I.
Grof vun Namouer
1139 - 1189(?)
Nofollger:
Baudouin I., de Courragéierten