Helicobacter pylori

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Helicobacter pylori ass e spiralfërmegt, gramnegatiivt Bakteerium, dat d'Schläimhaut vum mënschleche Mo infizéiert. Säi Genom ass sequenzéiert. Et ass déi eenzeg bekannt Bakteerienaart, déi am sauere Milieu vum Mo ka liewen.

Helicobacter pylori ass d'Ursaach vu Moschwieren. Fir déi Entdeckung kruten déi 2 australesch Wëssenschaftler Barry Marshall a J. Robin Warren de Medezinnobelpräis 2005.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Schonn 1875 konnten däitsch Fuerscher Bakteerien, a Form vun enger Spiral, op der mënschlecher Moschläimhaut fannen. Eng Kultur war net méiglech an dat Ganzt koum an de Vergiess. 1899 huet de W. Jaworski vun der Jagielloński-Universitéit vu Krakau Organisme beschriwwen, déi hien entdeckt hat, nodeem Leit de Mo ausgespullt kruten. Hien huet se am Ufank Vibrio rugula genannt.

Mä dat Ganzt ass net sonnerlech eescht geholl ginn, an et huet bis Enn der Siwwenzegerjore gedauert bis den J. Robin Warren, e Patholog zu Perth an Australien, gemierkt huet, datt sech besonnesch um Tissus vun der Moschläimhaut, deen entzünt war, Bakteerien a Form vun enger Spiral ugesiidelt haten. 1982 konnt de Warren bei 11 Patiente mat enger Moschläimhautentzündung déi Organisme kultivéieren an noweisen datt Leit, déi den H. pylori net am Mo haten, och keng Gastritis haten an ëmgedréit.


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jaworski W.: Podrêcznik chorób (Handbook of Gastric Diseases), Wydawnictwa Dzie

Lekarskich Polskich, 1899, Säiten 30-47.

  • Kirsner J.B.: The Growth of Gastroenteroilogical Knowledge during the Twentieth Century, Lea

and Febiger, Philadelphia, 1994, Säiten 49-54.

  • Marshall B.J.: Unidentified curved bacillus on gastric epithelium in active chronic gastritis. 1983, in: Lancet, 1, Säiten 1273-1275.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Barry Marshall

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helicobacter pylori – Biller, Videoen oder Audiodateien