Helleg-Geescht-Klouschter (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Helleg-Geescht-Klouschter
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Statut zerstéiert Gebai
Datum vum Bau 1234 (julianesch)
Ofgerappt oder zerstéiert 1770

D'Helleg-Geescht-Klouschter ass e fréiert Fraeklouschter an der Stad, dat der Plaz wou et stoung, den Numm Helleg-Geescht-Plateau ginn huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Klouschter ass ëm 1234 vun enger Grupp Frae baussent der mëttelalterlecher Stad gegrënnt ginn[1]. D'Fraen déi no de Reegele vum Maria-Magdalena-Boussuerden (lat. Ordo Sanctae Mariae Magdalenae de poenitentia) gelieft hunn, hu sech haaptsächlech ëm „gefalen“ Meedercher an arem Frae gekëmmert. D'Bezeechnung „Helleg-Geescht-Klouschter“ déi scho relativ fréi gebraucht gouf, schéngt op de Männeruerde mam selwechten Numm zeréckzegoen, deen 1204 zu Montpellier an d'Liewe geruff gouf a vun deem noweislech och Uerdensleit zu Lëtzebuerg waren. Den Numm vum Klouschter ass och nach bäibehale ginn nodeems d'Fraen 1256/57 d'Reegele vun de Klarisse vum 3. Uerden iwwerholl hunn. Vun deem Moment un war d'Klouschter och als Klarisseklouschter oder Franziskanerinneklouschter bekannt, mä och d'Bezeechnung Schuedbierg-Klouschter war geleefeg, als Referenz op de Joermaart deen 1340 vum Jang de Blannen um Plateau gegrënnt gouf an deen de Ursprong vun der haiteger Schueberfouer ass.

Wéinst senger strategescher Lag huet d'Klouschter fir d'Sécherheet vun der Stad a vun der Festung ëmmer nees missen ugepasst ginn. Sou gouf am 15. Joerhonnert eng Kapell ofgerappt fir eng grouss Rankmauer an e Wee ronderëm d'Klouschter kënnen ze bauen. Tëscht 1542 a 1559 sinn aus krichstechnesche Grënn och Deeler vum Haff an de Ställ fortkomm.

1673 gouf en Ënnerdaach fir Zaldoten am Klouschter ageriicht a kuerz duerno goufen nach anere Zëmmere beschlagnaamt fir Wuechtraim anzeriichten. Well de Vauban d'Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht huet, hu 1690 déi 15 Nonnen déi nach am Klouschter gelieft hunn, missen an de Pafendaller Hospice civil plënneren.

An de Gebaier vum Klouschter konnte ronn 560 Zaldote logéieren, d'Kierch war an en Depot ëmfonctionéiert ginn an an de Ställ gouf e Spidol ageriicht.

Géint 1770 sollen d'Gebaier opgerappt gi sinn, ma bis 1795 waren nach Iwwerreschter ze gesinn.

D'Päerdsställ sinn eréischt fir de Bau vun der Cité judiciaire ewechgerappt ginn.

Ausgruewungen[änneren | Quelltext änneren]

Ier um Plateau mat den Aarbechte fir d'Cité judiciaire ugefaange gouf, sinn an de Joren 2001 an 2002 Ausgruewunge realiséiert ginn, bei deenen ënner enger 2 - 3,5 m décker Kusch Gestengsreschter vum fréiere Klouschter an der Kierch fräigeluecht konnte ginn. Et goufen ë. a. reng beschafft Kappsteng an awer och en Deel vun der Grafplack vum Gouverneur Claude de Neufchâtel fonnt, dee sengerzäit riets vum Chouer an enger Säitekapell begruewe gi war.

Mat den Ausgruewunge konnten och verschidde Bauphase vum Klouschter dokumentéiert ginn an et huet een nei Erkenntnesser iwwert d'Ëmgéigend vum Klouschter kritt, absënns wat d'Stadmauer ugeet.

Krypta[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 2022 hunn d'Aarbechten ugefaange fir d'Strukture vum Klouschter fräizeleeën, nodeems se 2002 mat 3.000 Meterkibb Sand gefëllt gi waren, fir se wärend dem Schantje vum Geriichtsgebai ze schützen. De Projet gëtt vum Institut national pour le patrimoine architectural (INPA) zesumme mam Institut national de recherches archéologiques (INRA) realiséiert.

An enger archeologescher Krypta soll de Public an Zukunft d'Méiglechkeet kréien d'Klouschteriwwerreschter ze besichen a méi iwwert déi klouschter- a festungsgeschichtlech Aspekter gewuer ze ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helleg-Geescht-Klouschter (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. „Ein historischer Rückblick auf das Heilig-Geist Plateau”, kuckt Um Spaweck