Caecilia vu Roum

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Helleg Caecilia)
D'Helleg Caecilia, duergestallt vum franséische Moler Adolphe Lalyre (1848–1933)

D'Helleg Caecilia, och Caecilia vu Roum genannt, ass eng chrëschtlesch Helleg a Märtyrerin. Der Legend no huet si am 2. oder 3. Joerhonnert zu Roum gelieft. D'Helleg Caecilia gëtt als Patréinesch vun de Museker veréiert. Hiert Fest ass den 22. November.

Legend a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no huet d'Caecilia zu Roum vill Leit zum Chrëschtentum bekéiert, ugefaange bei hirem Mann an hirem Schwoer. Angeblech gouf si a kache Waasser gezappt, wat hir allerdéngs näischt ausgemaach huet. Doropshi gouf si gekäppt, wat awer och net evident war, well den Henker et net fäerdeg bruecht huet hir de Kapp propper ofzetrennen. Sou hätt si nach dräi Deeg agoniséiert a vun där Zäit profitéiert fir weiderhin äifreg ze bekéieren an hiert Verméigen un déi Arem ze verdeelen.

Am Joer 821 goufen hir Iwwerreschter an de Callixtus-Katakomben erëmfonnt an an der nei gebauter Kierch Santa Cecilia in Trastevere am réimesche Quartier Trastevere begruewe. 1599 gouf de Kierper gutt erhale bei enger Renovatioun vun der Basilika erëm entdeckt. An der Folleg ass déi berüümt Skulptur vum Stefano Maderno (1576-1636) entstanen, bei där d'Caecilia op enger Hand een an op der anerer dräi Fangeren ausgestreckt huet. Dëst weist op dat chrëschtlescht Glawensbekenntnis hin: Et gëtt nëmmen ee Gott, dee sech an dräi Forme weist: d'helleg Dräifaltegkeet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Caecilia vu Roum – Biller, Videoen oder Audiodateien