Helleg Kräiz-Kapell um Kuelebierg

Vu Wikipedia
Kapell vum Kuelebierg
D'Kapell vum Kuelebierg (2007)

D'Kapell vum Kuelebierg (2007)
D'Kapell vum Kuelebierg (2007)
Uertschaft / Plaz Kuelebierg
Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Koordinaten 49° 43’ 39.4’’ N
      05° 53’ 14.0’’ O
Kierchen - Kapellen
Banneraum vun der Kapell mat den Altär (2014)
Skulptur iwwer der Aganksdier

D'Helleg Kräiz-Kapell um Kuelebierg zu Biekerech, och nach Jobskapell genannt, ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.

D'Kapell ass dem hellege Kräiz geweit. Den Numm Jobskapell huet se well virun der Kapell e Kräiz steet, dat zu de Kräizweestatioune gehéiert, déi vun der Kierch vu Biekerech erop op d'Kopp féieren, an op deem den hellege Job duergestallt ass.

D'Kapell gouf den 20. Mäerz 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Biekerech hunn ausser der Kapell um Kuelebierg och nach d'Kierch vu Biekerech, d'Kapell vun Hitten an d'Kapell vu Liewel gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf 1373 als Chapelle de la Ste. Croix ernimmt a war de Sëtz vun enger Brudderschaft mat dem selwechten Numm. Virdru war de Sanctuaire dem hellege Lambert geweit. Den eelsten erhalenen Deel, de Chouer, ass vum Ufank vum 16. Joerhonnert. D'Schëff ass vu 1746, déi polygonal Sakristei vun 1857.

Mobiliar[änneren | Quelltext änneren]

Bis haut erhale si Reschter vu Freskemolereie aus dem 16. Joerhonnert, D'Säitenaltär si vu 1671. Och den Haaptaltoer ass aus dem 17. Joerhonnert, op deem en Tableau aus dem 18. Joerhonnert, vum Areler Moler Jean-Pierre Huttert ass. Vir op der Kapell ass eng Statu vum hellege Job vu 1762. D'Fënstere si vu Coucke Frères vu Bruges, aus dem Joer 1929.[2]

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee huet 7 Statiounen a fänkt ronn 150 Meter vun der Kierch ewech un a féiert bis bei d'Jobskapell um Kuelebierg.

D'Statioune stinn all am Fräien a sinn aus Lëtzebuerger Sandsteen.

Mëttlerweil sinn déi eenzel Statiounen alleguer Kopien, vu datt d'Originaler scho viru 1600 gebaut goufen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 127-136

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helleg Kräiz-Kapell um Kuelebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Fiche "Chapelle de Kahlenberg"; Annexe vun der Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État. op ssmn.public.lu.