Helleg Walburga
Helleg Walburga | |
---|---|
D'Walburg op engem Bild vum Meeschter vu Meßkirch am Philadelphia Museum of Art | |
Titel | |
Titel | Äbtissin |
Biographie | |
Gebuer |
710 jul. Crediton |
Gestuerwen |
25. Februar 779 jul. Heidenheim |
Papp | Richard vun England |
Mamm | Wunna |
Geschwëster | Wunibald, Willibald vun Eichstätt |
Aktivitéit | Hegumenos |
Aner Informatiounen | |
Reliéisen Uerden | Benediktiner |
Statut | Hellegen |
Gedenkdag | 25. Februar |
D'Walburga oder Walpurgis, och nach als Helleg Walburga / Walpurgis bekannt, gebuer 710 zu Devonshire, Wessex, an England a gestuerwen de 25. Februar 779 zu Heidenheim war d'Duechter vum Kinnek Richard vun England („Richard de Pilgerer“, deen 1150 helleggesprach gouf) an der helleger Wunna. Hir Bridder waren de Willibald an de Wunibald (oder Winebald).
Biographie
[änneren | Quelltext änneren]Si war Schülerin vun der helleger Tatta, enger Märtyrerin, am Wimborne Monastery zu Dorset. 748 n. Chr. ass si vum Hellege Bonifatius, dem Brudder vun hirer Mamm, als Missionarin an Däitschland geruff ginn an huet als Nonn am Klouschter Tauberbischofsheim gelieft.
Mat 3 Éie soll si e Kand virum Hongerdoud gerett hunn; um Wee bei d'krank Duechter vun engem Buerghär soll si vun Hënn ugegraff gi sinn, déi si awer mat Rou gelooss hunn, nodeem se de Kniechten déi hir zu Hëllef komme wollten, zougeruff huet, si géif ënner dem Schutz vu Jesus Christus stoen.
761 n. Chr. ass d'Walburga Äbtissin vum Benediktiner-Klouschter Heidenheim op der Brenz a Franke ginn, dat de Wunibald 751 gestëft hat. Si huet d'Männerklouschter mat engem Fraeklouschter erweidert.
De 25. Februar 779 ass si gestuerwen an am Klouschter bäigesat ginn. 100 Joer méi spéit sinn der Walpurga hir Reliquien an d'St.-Walburg-Kierch op Eichstätt komm.
D'Walburga ass vum Poopst Hadrian II. een 1. Mee gutt 100 Joer no hirem Doud helleggesprach ginn.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Am Mëttelalter war der Walburga hire Festdag den Dag vun hirer Hellegspriechung (den 1. Mee); hautdesdaags ass et gemenkerhand de 25. Februar; absënns an England ass et awer nach den 1. Mee.
Si ass d'Patréinesch:
- géint Houscht
- géint Honger
- géint Ploen
- géint Stierm
- géint Hondsbëss
- géint Tollwut
- vun de Schëffer
- vum Karschnatz
- vun der Stad Antwerpen an der Belsch
- vun der Stad Oudenarde an der Belsch
- vun der Stad Gronigen an Holland
- vun der Stad Zutphen an Holland
- Zu Conter ass si fir Heelung bei Aenleiden ugeruff ginn
Duerstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- Als Äbtissin mat 3 Éien
- Als Äbtissin mat Engelen déi eng Kroun iwwer si halen
- Als Äbtissin am Stammbam vun de Kinneke vun England
- Nieft hirem Graf dat en Ueleg ofsonnere soll
- Mat enger Phioul Ueleg
- Als kinneklech Äbtissin mat enger klenger Fläsch Ueleg an engem Buch
- Mat engem Zepter, enger Kroun
- Mat hire Bridder, dem hellege Willibald an dem hellege Wunibald
Verschiddenes
[änneren | Quelltext änneren]- Drëpsen déi hir Grafplack vun Zäit zu Zäit ofsonnert erginn deen a Fläschen ofgefëlltenen heelkräftege "Walpurgisueleg"
- Walpurgiskraut (Hypericum) ass eng Bléieplanz déi op den Heedewisen an dréchene Grashiwwele wiisst. Et gëtt nieft Mëllechkane geluecht a soll géint d'Verhexung vun der Mëllech schützen a fir räich Ram suergen. Op Brout verfiddert soll et d'Fruchtbarkeet vun de Ranner steigeren.
- De Brauchtem vun der Walpurgisnuecht huet u sech näischt mat der helleger Walburga ze dinn. Den Numm kënnt dohier datt Beltane, respektiv den Hexesabbat an der d'Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee, dee jo den Dag vun der helleger Walpurga ass, gefeiert ginn ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Helleg Walburga – Biller, Videoen oder Audiodateien |