Helmut Newton

Vu Wikipedia
Helmut Newton
Gebuertsnumm Helmut Neustädter
Gebuer 31. Oktober 1920
Berlin
Gestuerwen 23. Januar 2004
Los Angeles
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Däitschland, Australien
Aktivitéit Fotograf, Moudefotograf, Fotoreporter
Den Helmut Newton Musée zu Berlin

Den Helmut Newton, gebuer den 31. Oktober 1920 zu Berlin als Helmut Neustädter a gestuerwen den 23. Januar 2004 zu Los Angeles, war en australesche Fotograf mat däitschen Originnen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Helmut Newton gouf 1920 als Jong vun enger gutt situéierter jiddescher Knäppfabrikantefamill Neustätter zu Berlin gebuer. 1936 huet hie säi Lycée ofgebrach fir bei der deemools bekannter Berliner Fotografin Yva (Else Neuländer-Simon) eng Léier als Fotograf ze maachen. Mat 18 Joer huet hie seng Léier ofgebrach an ass op Singapur ausgewandert.

1940 goung en an Australien, wou e bis 1945 als Camionschauffeur fir d'Arméi a bei der Eisebunn geschafft huet. Duerno het en e Fotostudio zu Melbourne opgemaach. 1946 gouf en Australier. 1948 huet en d'Schauspillerin June Browne (Schauspillerpseudonym: June Brunell) bestuet, mat där e bis zu sengem Doud zesummebliwwen ass.

Vun 1956 un huet den Helmut Newton fir d'australesch Editioun vun der Vogue geschafft, no an no och fir déi aner Editioune vun där Zäitschrëft, sou wéi och fir aner Moudmagazinen. Zanter den 1970er Jore war den Newton ee vun de meeschtgefroten an deierste Moud-, Publicitéits-, Portrait- an Nu-fotografen vun der Welt. 1976, wéi den Newton schonn 56. Joer al war, koum säin éischte Billerband White Women eraus.

Vun 1981 un hunn den Helmut an d'June Newton zu Monaco an zu Los Angeles gewunnt. Den Helmut Newton ass mat 83 Joer no engem Autosaccident zu Los Angeles gestuerwen. Op säi Wonsch gouf en zu Berlin begruewen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gero von Boehm: Helmut Newton. 25. September 2002. Interview an: Begegnungen. Menschenbilder aus drei Jahrzehnten. Collection Rolf Heyne, München 2012, ISBN 978-3-89910-443-1, S.337-342
  • François Marquet: Helmut Newton. Taschen, Köln 2000, ISBN 3-8228-1326-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helmut Newton – Biller, Videoen oder Audiodateien