Helmut Thoma

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Helmut Thoma, gebuer den 3. Mee 1939 zu Wien, ass en éisträichesche Jurist, Manager a Pressespriecher. Hien huet seng Haaptcarrière bei RTL gemaach.

Seng Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Schauspiller Manuel Cortez mam Helmut Thoma

Den Thoma, deen am Ufank eng Plaz an enger Molkerei hat, huet säi Studium an Owescoursen nogeholl, säin Abitur gemaach, op der Universitéit vu Wien Droit studéiert an ass 1962 zum Dr. jur. promovéiert.

Duerno war hie beim ORF Chef vum Service juridique. Dunn huet hien eng Plaz beim däitschsproochege Programm vu Radio Lëtzebuerg ugeholl, wou en 1982 Programmdirekter gouf.

1984 huet en d'Leedung vun der Televisiounsbranche, an 1986 d'Geschäftsféirung vun RTLplus Däitschland iwwerholl. 1998 huet den Helmut Thoma säi Posten als Direkter vun RTL Television, deen him 1991 uvertraut gi war, an deen hie vu 1996 un eleng besat huet, u säi Landsmann Gerhard Zeiler ofgetratt. 2003 ass den Zeiler Generaldirekter vum RTL Group ginn.

Präisser an Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Medien-Mann vum Joer 1989
  • Bambi (1990)
  • Gëlle Kamera (1990)
  • Gëllent Éierenzeechen vun der Stad Wien (1991)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]