Op den Inhalt sprangen

Helveetesch Republik

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Helveetesch Republik
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Däitsch, Franséisch, Italieenesch
Haaptstad de jure: Luzern
de facto: Aarau (1798), Luzern (1798) a Bern (1802) noeneen
Staatsform Republik
Staatsleedung
Geographie a Bevëlkerung
Bevëlkerung 1.664.832 (1798)
(1.493.726 (1800). Plaz)
Geschicht a Staatssymboler
Praktesch Informatiounen
Wärung Schwäizer Frang («franc de Suisse»)

Helveetesch Republik (de. Helvetische Republik, fr. République helvétique, it. Repubblica elvetica, rm. Republica helvetica) ass d'Bezeechnung vum Schwäizer Staat, deen den 12. Abrëll 1798 déi al Eedgenossenschaft ofgeléist huet a bis den 10. Mäerz 1803 bestanen huet.

D'Haaptstad war bis am September 1798 Aarau, duerno bis de Mee 1799 Luzern a schliisslech bis 1803 Bern.

D'Gebitt vun der Helveetescher Republik bestoung aus engem groussen Deel vun der haiteger Schwäiz. Graubünden koum de 24. Abrëll 1799 als Member derbäi an den 13. Februar 1802 gouf den éisträichesche Frickdall annektéiert. De Valais gouf de 27. August 1802 onofhängeg an huet dunn en ettlech Joer als Rhodanesch Republik bestanen.

Genf gradewéi d'Gebitt vum fréiere Prënzbistum Basel an déi preisesch Principautéit Neuenburg hunn net derzou gehéiert.

D'Republik hat, ëm 1800, 1.493.726 Awunner.