Henning Mankell
Henning Mankell | |
---|---|
Gebuertsnumm | Henning Georg Mankell |
Gebuer |
3. Februar 1948 Stockholm |
Gestuerwen |
5. Oktober 2015 Göteborg |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Schweden |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dramatiker, Kannerbuchauteur, Krimischreiwer, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Mënscherechtler |
Famill | |
Bestuet mat | Eva Bergman |
Den Henning Mankell, gebuer den 3. Februar 1948 zu Stockholm, a gestuerwen de 5. Oktober 2015 zu Göteborg, war e schweedesche Schrëftsteller an Theaterregisseur, dee virun allem fir seng Krimië mam Kommissar Kurt Wallander bekannt gouf.
Hien huet Schauspill studéiert an 1968 säin éischt Stéck geschriwwen, an och dat éischt als Regisseur opgefuouert. An den 1970er Joren huet hien an Norwegen gewunnt a geschafft; an där Zäit huet hien och ugefaangen, Prosa ze schreiwen. 1972 ass hien an Afrika gereest, wat hien, wéi och säi Wierk dono, staark markéiert huet. 1973 koum mat Bergsprängaren säin éischte Roman eraus, deen, wéi och déi zwéin an de Joren dono, e gesellschaftskriteschen Hannergronn hat.
An den 1980er Joren huet den Henning Mankell als Theaterregisseur an Intendant ë. a zu Skellefteå an zu Växjö geschafft. Hien ass weiderhin dacks an Afrika gereest, sou datt Maputo, am Mosambik, eng Zort zweet Heemecht fir hie gouf. Do huet hien an där Zäit och ugefaangen, eng Theatertrupp opzebauen. 1996 gouf hien Direkter vum Teatro Avenida zu Maputo. E puer vu senge Bicher spillen a Mosambik.
Manner bekannt ass, datt de Mankell och eng ganz Rëtsch Kanner- a Jugendbicher geschriwwen huet. Politesch a gesellschaftlech Sujeten hunn a senge Bicher ëmmer eng wichteg Roll gespillt, wéi dat z. B. am Kriminalroman Kinesen (de.: Der Chinese) de Fall ass. Och privat huet hie sech notamment géint déi portugisesch Kolonialpolitk, d'Apartheid an d'Besetzungspolitk vun Israel engagéiert. 1991 koum mat Mördare utan ansikte (de.: Mörder ohne Gesicht säin éischte Krimi mam Kommissar Kurt Wallander eraus, engem éischter granzegen, mä grueden an autentesche Polizist. Dëse, wéi och spéider Bicher aus där Serie, haten international e grousse Succès.
Wierker (mam Titel vun der däitscher Iwwersetzung)
[änneren | Quelltext änneren]D'Wallander-Romaner
[änneren | Quelltext änneren]Publikaztiounsjoer | Originaltitel | däitschen Titel | Iwwersetzung vum Originaltitel | Wallander-Band | ISBN vun der däitscher Editioun | |
---|---|---|---|---|---|---|
Schweden | Däitschland | |||||
1991 | 1993 | Mördare utan ansikte | Mörder ohne Gesicht | Mäerder ouni Gesiicht | Band 1 | ISBN 3-423-20232-7 |
1992 | 1993 | Hundarna i Riga | Hunde von Riga | D'Hënn vu Riga | Band 2 | ISBN 3-423-20294-7 |
1993 | 1995 | Den vita lejoninnan | Die weiße Löwin | Déu wäiss Léiwin | Band 3 | ISBN 3-423-20150-9 |
1994 | 2001 | Mannen som log | Der Mann, der lächelte | De Mann, dee glaacht huet | Band 4 | ISBN 3-423-20590-3 |
1995 | 1999 | Villospår | Die falsche Fährte | Falsch Pist | Band 5 | ISBN 3-423-20420-6 |
1996 | 1998 | Den femte kvinnan | Die fünfte Frau | Déi fënneft Fra | Band 6 | ISBN 3-423-20366-8 |
1997 | 2000 | Steget efter | Mittsommermord | E Schrack hannendrun | Band 7 | ISBN 3-423-20520-2 |
1998 | 2001 | Brandvägg | Die Brandmauer | Brandmauer | Band 8 | ISBN 3-423-20661-6 |
1999 | 2002 | Pyramiden | Wallanders erster Fall und andere Erzählungen | D'Pyramid | Band 9 | ISBN 3-423-20700-0 |
(1999) | 2004 | (Fotografens död) | Der Tod des Fotografen | Den Doud vum Fotograf | aus dem Band 9 | ISBN 3-423-25254-5 |
2002 | 2003 | Innan frosten | Vor dem Frost | Virum Frascht | Band 1 Linda Wallander |
ISBN 3-423-20831-7 |
2013 | 2013 | Handen | Mord im Herbst *) | D'Hand | Band 10 | ISBN 978-3-552-05642-8 |
2009 | 2010 | Den orolige mannen | Der Feind im Schatten | Den onrouege Mann | Band 11 | ISBN 978-3-552-05496-7 |
*) fir d'éischt 2004 an Holland erauskomm
soss Romaner
[änneren | Quelltext änneren]Publikatiounsjoer | Originaltitel | däitschen Titel | ISBN vun der dâitscher Editioun | |
---|---|---|---|---|
Schweden | Däitschland | |||
1973 | 1998 | Bergsprängaren | ||
1974 | Sandmålaren | |||
1977 | Vettvillingen | |||
1979 | Fångvårdskolonin som försvann | |||
1980 | Dödsbrickan | |||
1981 | En seglares död | |||
1982 | 2009 | Daisy Sisters | Daisy Sisters | ISBN 978-3-552-05399-1 |
1983 | Apelsinträdet | |||
1983 | Älskade syster | |||
1984 | 1997 | Sagan om Isidor | ||
1990 | 2004 | Leopardens öga | Das Auge des Leoparden | ISBN 3-423-13424-0 |
1992 | 2000 | Katten som älskade regn | Ein Kater schwarz wie die Nacht | ISBN 3-7891-4224-7 |
1995 | 2000 | Comédia infantil | Der Chronist der Winde | ISBN 3-423-12964-6 |
1995 | 1997 | Eldens hemlighet | Das Geheimnis des Feuers | ISBN 3-7891-4211-5 |
1998 | 2007 | Berättelse på tidens strand | Die flüsternden Seelen | ISBN 3-552-05335-2 |
1999 | I sand och i lera | |||
2000 | Labyrinten | |||
2000 | 2002 | Danslärarens återkomst | Die Rückkehr des Tanzlehrers | ISBN 3-423-20750-7 |
2000 | 2001 | Vindens son | Die rote Antilope | ISBN 3-423-13075-X |
2001 | 2001 | Eldens gåta | Das Rätsel des Feuers | ISBN 3-7891-4231-X |
2001 | 2003 | Tea-Bag | Tea-Bag | ISBN 3-423-13326-0 |
2003 | 2004 | Jag dör, men minnet lever | Ich sterbe, aber die Erinnerung lebt | ISBN 3-423-13479-8 |
2004 | 2005 | Djup | Tiefe | ISBN 3-423-20978-X |
2005 | Butterfly Blues | ISBN 3-423-13290-6 | ||
2005 | 2006 | Kennedys hjärna | Kennedys Hirn | ISBN 3-552-05347-6 |
2006 | 2007 | Italienska skor | Die italienischen Schuhe | ISBN 3-552-05415-4 |
2007 | 2008 | Eldens Vrede | Der Zorn des Feuers | ISBN 978-3-7891-4278-9 |
2008 | 2008 | Kinesen | Der Chinese | ISBN 978-3-552-05436-3 |
2011 | 2012 | Minnet av en smutsig ängel | Erinnerung an einen schmutzigen Engel | ISBN 978-3-552-05579-7 |
Theaterstécker (an däitscher Iwwersetzung)
[änneren | Quelltext änneren]- Butterfly Blues
- Zeit im Dunkeln
- Antilopen
- Der gewissenlose Mörder Hasse Karlsson enthüllt die entsetzliche Wahrheit, wie die Frau über der Eisenbahnbrücke zu Tode gekommen ist
- Der Chronist der Winde
- The Doors, mam Theater Avenido vu Maputo] 2011
Kannerbicher
[änneren | Quelltext änneren]- Katten som älskade regn, 1992 (de: Ein Kater schwarz wie die Nacht, 2000).
- Hunden som sprang mot en stjärna, 1990 de.: Der Hund, der unterwegs zu einem Stern war, 1992 (Joel Band 1)
- de.: Die Schatten wachsen in der Dämmerung, 1994 (Joel Band 2)
- de.: Der Junge, der im Schnee schlief, 1998 (Joel Band 3)
- de.: Die Reise ans Ende der Welt, 1998 (Joel Band 4)
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Rainer Sens: Dem Kommissar auf der Spur. Stein, Welver, 2003. ISBN 978-3-89392-532-2
- Henning Heske: Die Globalisierung des Verbrechens. Über die Kriminalromane von Henning Mankell. In: ders. (Hg.): Fausts Phiole. Über Poesie und Wissenschaft. Bernstein, Bonn, 2006. ISBN 3-9809762-3-8
- Kevin Keijo Kutani: Der Kriminalroman als Medium für (allgemeine) Gesellschaftskritik: Am Beispiel des schwedischen Autors Henning Mankell.Diplomica Verlag, Hamburg, 2014. ISBN 978-3842895263.
- Kirsten Jacobsen: Mankell über Mankell. Kurt Wallander und der Zustand der Welt. Zsolnay, Wien 2013, ISBN 978-3-552-05640-4 (Biografie)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Henning Mankell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vum Henning Mankell
- Ystads Kommun, Touristenbüro: Auf Wallanders Spuren. Ein Wegweiser über Ystad und Umgebung für alle Fans der Romanfigur Kurt Wallander. (PDF, 3 MB)
- Tobias Gohlis: Ein anständiger Mensch. (PDF; 46 kB) ZEIT-Online vom 31. Januar 2008
- Henning Mankell: „Ich hatte einen Traum vom Ende der Menschheit“ (FAZ, 20. Oktober 2006)
- Henning Mankell: „Afrika hat mich zu einem besseren Europäer gemacht“ (www.zenithonline.de,13. April 2008)