Op den Inhalt sprangen

Henri-Constant Fix

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Henri-Constant Fix
Gebuer 19. Mäerz 1831
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Abrëll 1917
Paräis
Alter 86 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Offizéier, Auteur
Famill
Geschwëster Louis-Ferdinand Fix

Den Henri-Constant Fix, gebuer den 19. Mäerz 1831 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Abrëll 1917 zu Paräis, war e lëtzebuergesch-belschen Offizéier an Auteur.[1]

Hie kënnt aus enger Stater Famill, déi Tüllspëtzte gemaach huet.

Hie gouf Infanterie-Leitnant an der Belscher Arméi an huet eng Dose Bicher geschriwwen iwwer Stenographie[2], militäresch a strateegesch Sujeten, a Léierbicher fir verschidde Graden am Militär. Um Enn vu senger Karriär war hie Generol-Majouer am belschen État-major. 1870 huet hien an engem décke Buch seng Analys zum Däitsch-Franséische Krich publizéiert.

Säi Brudder war de Louis-Ferdinand Fix.

  • Leconte, Louis. « Fix, Henri-Constant ». Biographie nationale / publ. par l’Académie Royale des Sciences, des Lettres et des Beaux-Arts. N.p., 1969. Print.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 4. Lëtzebuerg 1982, S.86.
  2. (de) 70) Fix Henri Constant. Obermosel-Zeitung, Jg., nº 26, p. 5. (29.03.1889). Gekuckt den 21.06.2025.