Henri-Joseph Redouté

Vu Wikipedia
Henri-Joseph Redouté
Gebuer 25. Mee 1766
Saint-Hubert
Gestuerwen 11. Januar 1852
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit wëssenschaftlechen Illustrateur
Famill
Geschwëster Pierre-Joseph Redouté

Den Henri-Joseph Redouté, gebuer de 25. Mee 1766 zu Saint-Hubert am deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg, haut an der belscher Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen den 12. Januar 1852, war e Moler.

Hien ass de Brudder vum Pierre-Joseph Redouté (1759-1840), deen och nach Raphaël des fleurs genannt gouf.

1785 zitt den Henri-Joseph Redouté bei seng zwéi Bridder op Paräis fir do d'Naturmolerei ze léieren.

1798 gëtt hien als Moler an d'Commission des sciences et des arts opgeholl an hëlt mat 167 Wëssenschaftler, Ingénieuren, Botaniker an Artisten um Napoleon Bonaparte senger Campagne an Egypten deel. Hie schafft do zesumme mat dem Natuerfuerscher Étienne Geoffroy Saint-Hilaire a gëtt an den Institut d'Egypten (vum Napoléon den 22. August 1798 gegrënnt) opgeholl.

1801 kënnt hien zesumme mat deenen anere Membere vun der Kommissioun a Frankräich zeréck a bedeelegt sech un der Publikatioun vun deem monumentale Wierk iwwer d'Aarbechte vun der Kommissioun an Egypten, e Wierk mat dem Titel: La Description de l'Égypte ou Recueil des observations et des recherches qui ont été faites pendant l'expédition de l'armée française.

Den Henri-Joseph Redouté huet 11 Tafelen and 100 eenzel Zeechnungen zu deem Wierk bäigedroen.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Illustratiounen aus dem Buch iwwer Egypten (Auswiel)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri-Joseph Redouté – Biller, Videoen oder Audiodateien