Op den Inhalt sprangen

Henri Haine

Vu Wikipedia
Henri Haine
Gebuer 12. Abrëll 1964
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Henri Denis Léon Haine, gebuer den 12. Abrëll 1964 zu Rëmeleng[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Haine schafft zanter den 1990er Joren am Ëmweltministère am Beräich Klima- an Energiepolitik. Hien ass Conseiller de direction 1re classe.[2]

Den Haine ass Member vun der LSAP. Hie gouf 2011 zum Buergermeeschter vun der Stad Rëmeleng gewielt[3] a gouf 2017[4] an 2023[5] an där Fonktioun confirméiert.

Hien ass weiderhin zanter 2009 Member vum Verwaltungsrot vun Enovos Luxembourg S.A.[6] a President vum Musée national des mines de fer luxembourgeoises.[7]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. gekuckt op: F104 (Musée national des mines) am RCS
  2. Großherzoglech Ernennungen vum 12. November 2011, Gouvernement.lu.
  3. Assermentation de nouveaux bourgmestres et échevins.
  4. LSAP-KPL-Koalitiounsaccord 2017, RTL.lu.
  5. (fr) Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de 06.07.2023.
  6. Mémorial C, 30. September 2009.
  7. MNM-Pressecommuniqué, 27. Mäerz 2025.