Henri III. vu Frankräich

Vu Wikipedia
Henri III.
Titelen
Virgänger Charles IX.
Nofollger Henri IV.
Biographie
Gebuer 19. September 1551 jul.
Schlass vu Fontainebleau
Gestuerwen 2. August 1589
Saint-Cloud
Papp Heinrich II.
Mamm Catherine vu Medici
Geschwëster Diane de France, Charles IX. vu Frankräich, Margréit vu Valois


Den Henri III. vu Frankräich, gebuer den 19. September 1551 zu Fontainebleau a gestuerwen den 2. August 1589 zu Saint-Cloud, mam Dafnumm Alexandre-Édouard, Duc d'Anjou, och Henri de Valois genannt, war 1573–1574 als Henryk Walezy Kinnek vu Polen-Litauen, vu 1574 bis zu sengem Doud 1589 Kinnek vu Frankräich a leschte Kinnek aus dem Haus Valois.

Nom Doud vum polnesche Kinnek Sigismund II. August, 1572, sollt den Henri sech mat deem senger Schwëster Anna Jagiellonica bestueden a sou neie Kinnek vu Polen-Litauen ginn. Hie gouf zum Kinnek gekréint, ma huet dono refuséiert, d'Anna ze bestueden. Hien huet och léiwer gefeiert, wéi sech ëm d'Land ze këmmeren. Wéi dat Joer drop säi Brudder Charles gestuerwen ass, huet hien Hals iwwer Kapp Pole verlooss an ass hannescht a Frankräich gaangen, fir do säin Usproch op den Troun ze maachen. D'Polen hunn en dono ofgesat, ma hien huet sech bis zum Schluss "Kinnek vu Polen" genannt. Den 13. Februar 1575 gouf hien an der Kathedral vu Reims zum Kinnek vu Frankräich gekréint. Zwéin Deeg drop huet hien Louise de Lorraine-Vaudémont bestuet.

Den Henri III. huet sech manner fir Juegd an Turnéieren intresséiert ma éischter fir Konscht, Moud a Literatur. An der Politik hat hie wéineg Duerchsetzungsverméigen oder -wëllen, a sou sinn d'Reliounskricher ënnert senger Herrschaft weidergaangen. Mol huet en de Protestanten Zougeständnesser gemaach, mol huet en se nees zeréckgezunn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Reliounskricher (Frankräich).

Hie gouf den 1. August 1589 zu St. Cloud bei enger Belagerung ermuert. Um Doudebett huet hien den Henri de Navarre als säin Nofollger designéiert. Hie gouf an der Kathedral vu Saint-Denis begruewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri III. vu Frankräich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Charles IX.
Kinnek vu Frankräich
13. Februar 1575 - 1. August 1589
Nofollger:
Henri IV.