Henri Motté
Ausgesinn
Henri Motté | |
---|---|
Gebuer |
2. Juli 1801 Monnerech |
Gestuerwen |
12. Februar 1865 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Den Henri Motté, gebuer den 2. Juli 1801 zu Monnerech, a gestuerwen den 12. Februar 1865 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Politiker.
De Motté war vu Beruff Affekot. Hie war Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht vun 1828 bis 1830 an Deputéierten an der Chamber vun 1841 bis 1848.
1848 war hie Member vun der Assemblée constituante.