Henri Rinnen (Sproochfuerscher)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Natur- a Sproochfuerscher Henri Rinnen. Fir de Lokalpolitiker, kuckt wgl. Henri Rinnen (Politiker).
Henri Rinnen
Gebuer 17. September 1914
Bënzelt
Gestuerwen 26. September 1998
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist

Den Henri (Heng) Rinnen, gebuer de 17. September 1914 zu Bënzelt, gestuerwen de 26. September 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Sprooch- a Vullefuerscher.

Vu Beruff war den Henri Rinnen Employé op der Post. Hie war Member vun der linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal a Matgrënner an éischte President vun der Actioun Lëtzebuergesch (bis 1972, dann nees vun 1984 bis 1992). Hien huet déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, en Däitsch-Lëtzebuergeschen an e Franséisch-Lëtzebuergeschen, zesumme mam Will Reuland erausginn, an op Radio Lëtzebuerg reegelméisseg Emissiounen iwwer d'Lëtzebuergesch gemaach.

Den Henri Rinnen war och en aktiven Naturschützer; hie war Matgrënner vun der Natura a vun 1968 bis 1986 President un der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Als eng Zort Synthees vu sengen zwéin Haaptintressie kann ee seng Sammlung iwwer Lëtzebuerger Vullennimm gesinn, déi 1969 erauskoum.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • (mam Will Reuland): Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch, 1973 (iwwer 10 Oploen)
  • déis.: Petit dictionnaire français-luxembourgeois
  • "Luxemburger Vogelnamen", in: Bulletin linguistique et ethnologique 15, 1969.
  • Ueter d'Joer, 1978

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jeff Baden, 2014. E grousse Frënd vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Natur - Zur Erënnerung un den Henri Rinnen (1914-1998). Die Warte, 18. September 2014, S. 2-3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (fr)Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur Remise de décorations à la Bibliothèque nationale. viewer.eluxemburgensia.lu. Luxemburger Wort (25. Juni 1976). Gekuckt de(n) 2024-01-18.