Op den Inhalt sprangen

Henry E. Holt

Vu Wikipedia
Henry E. Holt
Gebuer 27. September 1929
Richwood
Gestuerwen 5. Mee 2019
Tempe
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

Den Henry E. Holt, gebuer de 27. September 1929 zu Richwood, a gestuerwen de 5. Mee 2019 zu Tempe[1], war en US-amerikaneschen Astronom, deen op der Universitéit vun Arizona geschafft huet.

Tëscht 1989 an 1993 huet den Holt 682 Klengplanéiten entdeckt an ass domat op Plaz 34 vun der Lëscht vun de Klengplanéitenentdecker, déi vum Minor Planet Center gefouert gëtt[2]. Ausserdeem huet e sechs Klengplanéiten zesumme mat verschiddenen aneren Astronomen entdeckt (Norman G. Thomas, David H. Levy, Jeffery A. Brown a Carolyn Shoemaker)[2]. Dorënner sinn d'Asteroiden (4581) Asclepius, (5261) Eureka a (6914) Becquerel. Zesumme mat aneren Astronomen huet hien déi periodesch Koméiten 121P/Shoemaker-Holt, 127P/Holt-Olmstead an 128P/Shoemaker-Holt entdeckt.

Äerdno Asteroiden

[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten äerdnoen Asteroid gouf am Joer 1989 vum Henry Holt entdeckt. Den Asteroid ass bis op 800.000 km un d'Äerd erukomm. E weideren, een nëmmen 3 m grousse Kierper, dee bis op 140.000 km un d'Äerd erukomm war, also bannenzeg vun der Moundëmlafbunn war, gouf 1993 vum Tom Gehrels fonnt.

Dem Holt zu Éiere gouf den Asteroid (4435) Holt no him benannt.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (en) Henry E Holt (1929-2019) - Find a Grave Memorial. findagrave.com. Gekuckt den 29.11.2025.
  2. 1 2 (en) Minor Planet Discoverers. minorplanetcenter.net (22.10.2025). Gekuckt den 29.11.2025.