Henry Ford
| Henry Ford | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 30. Juli 1863 |
| Gestuerwen |
7. Abrëll 1947 Dearborn |
| Doudesursaach | intrazerebral Bluddung |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Entreprener, Erfinder, Schrëftsteller, Politiker, Autospilot, Journalist, Industriellen, Geschäftsmagnat |
| Fonctioun | Grënner |
| Gielercher | James-Watt-Medail, Rumänesche Krounenuerden |
| Bestuet mat | Clara Bryant Ford (1888–) |
|
| |
Den Henry Ford, gebuer den 30. Juli 1863 zu Dearborn (Michigan), a gestuerwen de 7. Abrëll 1947 zu Detroit, war een US-amerikaneschen Industriellen.
Vu senger Jugend un huet sech den Henry Ford fir technesch Saachen intresséiert. Um Ufank vu senger berufflecher Aktivitéit war hie Maschinist an duerno Ingenieur bei der Edison-Illuminating Company zu Detroit.
1892 huet hie säin éischten Automobil gebaut, an 1896 schonn eng weesentlech verbessert Versioun, déi hien a senger 1903 gegrënnter Ford Motor Company zur berüümter Tin Lizzy oder och nach Ford T weiderentwéckelt huet.
D'Verméigen dat hien am Laf vu sengem Liewe geschaaft hat, huet hie gréisstendeels Stëftungen zur Verfügung gestallt, wéi der Ford Foundatioun fir Friddenssécherung (1936).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Henry Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien |
