Herbert Lom

Vu Wikipedia
Herbert Lom
Gebuertsnumm Herbert Karel Angelo Kuchacevič ze Schluderpacheru
Gebuer 11. September 1917
Prag
Gestuerwen 27. September 2012
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Tschechesch Republik
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Romancier, Charakterschauspiller, Schrëftsteller

Den Herbert Lom, gebuer als Herbert Karel Angelo Kuchacevič ze Schluderpacheru den 11. September 1917 zu Prag (deemools Éisträich-Ungarn) a gestuerwen de 27. September 2012 zu London[1], war e brittesche Schauspiller an Auteur mat tschechoslowakeschen Originnen.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet seng Filmcarrière 1937 an der Tschechoslowakei ugefaangen, an ass am Januar 1939 a Groussbritannien emigréiert, wou en 1942 am Film The Young Mr. Pitt den Napoleon Bonaparte gespillt huet. 1956 sollt hien am Film War and Peace nach eng Kéier den Napoleon verkierperen. 1946 war de Lom den Haaptacteur am Film Dual Alibi, wou en an enger Duebelroll eng Zwillingskoppel gespillt huet.

1953 hat en d'Haaptroll an der Londoner Originalproduktioun vum Musical The King and I, déi 926 Séancen hat.[2] 1955 huet hien nieft dem Alec Guinness an dem Peter Sellers am Film Ladykillers matgespillt. Aner bekannt Filmer, an deenen en ze gesi war, si Spartacus, The Mystery Island, El Cid, an Der Schatz im Silbersee.

Seng bekanntst Roll däerft awer déi vum Chefinspekter Dreyfus sinn, dem neurotesche Patron vum Inspekter Jacques Clouseau, dee vum Peter Sellers gespillt gouf, an der Pink Panther-Filmserie vum Blake Edwards.

Den Herbert Lom huet och zwéi Romaner geschriwwen, een iwwer de Schrëftsteller Christopher Marlowe, Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe (1971), an een iwwer den Erfinder vun der Guillotine (Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist) (1992).

Filmer (Kino)[änneren | Quelltext änneren]

vun 1937 bis 1949[änneren | Quelltext änneren]

vun 1950 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1993[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Enter a Spy: The Double Life of Christopher Marlowe. Rowman & Littlefield, ISBN 0-8476-6258-6.
  • Dr. Guillotin: The Eccentric Exploits of an Early Scientist. Trafalgar Square Publishing, ISBN 1-85619-111-7.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Herbert Lom, Pink Panther star, dies aged 95" bbc.co.uk, gelies 2012-09-27
  2. Stanley Green, Encyclopedia of the Musical Theatre, (New York, 1976: Dodd, Mead & Company, rpt. Cambridge, Mass.: Da Capo Press, 1980), S. 233.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]