Herbert Schaefer
Ausgesinn
| Herbert Schaefer | |
|---|---|
| Gebuer |
23. September 1887 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
21. Juni 1968 Ettelbréck |
| Alter | 80 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ingenieur, Industriellen |
|
| |

De Julius Herbert Schaefer, gebuer de 23. September 1887 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 21. Juni 1968 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen[2].
Hie war Matgrënner vun der Henri Schaefer & Cie zu Walfer an huet eng ganz Rëtsch Patenter deposéiert.[3]
Hien huet der Stad Lëtzebuerg no sengem Doud eng gréisser Zomm Suen a Parte vu senger Firma vermaach, fir dass dës der Œuvre de la St. Nicolas zoukomme sollten, déi Stater Schoulkanner et erméigleche soll, am Wanter a Vakanzekolonien an de Bierger kënnen ze goen.
Fir un hien z'erënneren, gouf eng Strooss zu Gaasperech no him genannt.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Julius Herbert Schaefer op www.luxracines.lu
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr.65, 2000, S.31.
- ↑ Schaefer Herbert. Fiche op industrie.lu (nogekuckt: 07.02.2026).
- ↑ L-2516, Lokalisatioun op geoportail.lu.
