Op den Inhalt sprangen

Hermann Karl Vogel

Vu Wikipedia
Hermann Karl Vogel
Gebuer 3. Abrëll 1841
Leipzig
Gestuerwen 13. August 1907
Potsdam
Nationalitéit Kinnekräich Sachsen
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Astronom, Astrophysiker, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, National Academy of Sciences

Den Hermann Carl Vogel, gebuer den 3. Abrëll 1841 zu Leipzig, a gestuerwen den 13. August 1907 zu Potsdam, war en däitschen Astrophysiker. Hie war vun 1882 bis 1907 Direkter vum Astrophysikaleschen Observatoire Potsdam. Him si wäitreechend Entdeckungen am Zesummenhank mat der Spektroanalys vun de Stäre gelongen.

Hien huet am Joer 1862 säi Studium um Polytechnikum zu Dresden ugefaangen a wiesselt 1863 op d'Universitéit Leipzig. Zu Leipzig war hien Assistent vum Karl Christian Bruhns an huet sech do un den Duebelstärmiessunge vum Friedrich Wilhelm Rudolf Engelmann bedeelegt.

De Vogel promovéiert 1870 zu Jena mat enger Aarbecht iwwer Niwwelflecken a Stärekéip. Dat selwecht Joer koum hien an den Observatoire Bothkamp vum Kammerherr von Bülow, ronn 20 km südlech vu Kiel. Do huet hien déi éischt Spektralënnersich vun Himmelskierper gemaach. Säin Assistent gouf de Wilhelm Oswald Lohse.

De Vogel huet den Observatoire am Joer 1874 verlooss, fir sech als Mataarbechter vum nei gegrënnten Astrophysikaleschen Observatoire Potsdam (AOP) mat dem Plangen an dem Opbau vun der instrumenteller Ausrëschtung vum Institut ze beschäftegen. An dësem Zesummenhank huet hien am Summer 1875 eng Studierees a Groussbritannien gemaach.

Vun 1882 bis 1907 war de Vogel Direkter vum AOP an huet et wärend dëser Zäit zu engem weltwäit féierenden Institut vun der Astrophysik entwéckelt. Den Hermann Carl Vogel ass 1907 zu Potsdam gestuerwen.

Aarbechtsgebidder

[änneren | Quelltext änneren]

De Vogel huet spektroskopesch Ënnersich vu Stären, Planéiten, Koméiten a vun eiser Sonn duerchgefouert. Hien huet als Éischten am Joer 1871 d'Sonnerotatioun unhand vum Doppler-Effekt bei de Spektrallinnen nogewisen.

Hie gëllt als Erfinder vun der fotografesch-spektroskopescher Radialvitessmiessung bei Stären. Mat Hëllef vun dëser Method ass him 1889 fir d'éischt d'Entdeckung vu spektroskopeschen Duebelstären (ë. a. dem Méifachstäresystem Algol) gelongen. 1892 huet hien zouverléisslech Date vun am Ganzen 51 Stäre virgeluecht.

Dem Doppler-Effekt hat et him och op der Äerd ugedoen. 1875 féiert hien den Effekt mat der schriller Damppäif vun enger däitscher Borsig-Lokomotiv och am akustesche Beräich vir. Den Hermann Carl Vogel war zanter 1895 Dréier vum Uerde Pour le mérite fir Wëssenschaft a Konscht a Member a follgende Gremien:

1893 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

  • Beobachtungen von Nebelflecken und Sternhaufen. Leipzig (1867)
  • Bothkamper Beobachtungen. 2 Bde. Leipzig (1872/73)
  • Untersuchungen über die Spektra der Planeten. Leipzig (1874), gekréinte Präisschrëft
  • Die Sternhaufen im Perseus. (1878)

Portal Astronomie