Hertzsprung (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Hertzsprung
De Moundkrater Hertzsprung mat Niewekrateren
(LROC-WAC)
Koordinaten 1°22'12"N, 128°39'36"W
Duerchmiesser 536,37 km
Déift onbekannt
Selenographesch Längt 140° bei Sonnenopgank
Genannt no Ejnar Hertzsprung
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ09


Gravitéitsanomalie vun der Moundrécksäit. Den Hertzsprung ass den déifbloe Kreesrank (manner Schwéierkraaft) hallefriets um Equator.

De grousse Moundkrater Hertzsprung läit um Equator op der Äerdmoundrécksäit, ëstlech vun hirer Mëtt. Et ass eng vun de gréissten Rankstrukturen um Äerdmound.

  • Selenographesch Koordinaten +11 bis −9°, Kratermëtt 128° West
  • Duerchmiesser zirka 536 km
  • genannt nom däneschen Astronom Ejnar Hertzsprung (1873–1967).

De Grousskrater huet d'Form vun engem risegen Duebelrank, woubäi schonn de bannenzege Rank 250 km Duerchmiesser huet, an huet eng kreesfërmeg staark negativ Gravitéitsanomalie (negative Mascon), déi sech ronderëm an d'Positiivt ännert.

Am Zentrum vun der Formatioun leie ganz vill kleng Krateren, vun deenen de gréisste 50 km Duerchmiesser huet. De bannenzege Rank huet och zwou kuerz Kraterreien, de südleche baussenzege Rank huet zwou laanger mat jee iwwer 10 Eenzelkrateren, déi méiglecherweis Sekundärkratere vun engem gréisseren Aschlag sinn.

Genee déi selwecht Form vum Duebelrank ass och bei de südwestleche Risekrateren Apollo a Korolev ze gesinn. Sou hunn och déi dräi Groussstrukture vun der Moundrécksäit e Glach am Gravitatiounsbild (méi schwaach och zum Mare Orientale), wat op eng kollektiv Genesisgeschicht weist.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 3,4° N, 126,2° W7 50 km [1]
H 1,28° S, 125,16° W7 20 km [2]
K 0,67° S, 128,48° W7 27 km [3]
L 0,22° N, 128,68° W7 35 km [4]
M 7,61° S, 129,85° W7 36 km [5]
P 0,14° S, 130,22° W7 22 km [6]
R 0,29° S, 132,83° W7 30 km [7]
S 0,42° N, 133,43° W7 46 km [8]
V 5,06° N, 134,17° W7 40 km [9]
X 3,66° N, 130,05° W7 25 km [10]
Y 8,77° N, 131,95° W7 25 km [11]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]