Herzogtum Brabant

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Brabant ['bra:bant] ass en historeschen Territoire, dee sech ongeféier iwwer déi haiteg belsch Provënzen Antwerpen, Flämeschen a Wallounesche Brabant an d'Haaptstadregioun Bréissel), an d'hollännesch Provënz Nordbrabant erstreckt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Réimerzäit hunn an där Géigend Menapier gewunnt; d'Réimer hu se, no hirer Eruewerung, an d'Gallia Belgica integréiert. Am 5. Joerhonnert hunn d'Franken Brabant eruewert.

870 koum et als Deel vu Lotharingien (fr.: Lotharingie) zum Hellege Réimesche Räich a gouf eng Gaugrofschaft. Tëscht 900 an 923 koum Lotharingien ënner d'Herrschaft vum westfränkesche Kinnek Charel den Eefältegen. Zanter 959 gouf de Brabant da vun de Grofe vu Verdun (Ardennergrofen, Herzoge vu Nidderlotharingien) (fr.: Basse-Lotharingie) beherrscht.

Am 11. Joerhonnert goufen déi véier Grofschaften am Brabantgau un dräi Landeshäre verdeelt:

  • Géint 1000 huet de Grof Lambert I. vu Léiwen (†1015) d'Grofschaft Bréissel kritt.
  • Ëm 1024 krut de Reginar V. vu Mons de südlechen Deel. Zanterhier blouf déi Grofschaft Deel vun der Grofschaft Hainaut.
  • Tëscht 1056 an 1059 krut de Grof Baudouin V. vu Flandern d'Lännereien tëscht Schelde an Dender (Ename genannt) als Räichslehen.
  • Bis 1085 blouf déi véiert Grofschaft (tëscht Dender an Zenne) e Räichslehe vum Pfalzgrof Hermann II. vu Lotharingien. No sengem Doud, den 20. September 1085, huet de Keeser Heinrich IV. et als Landgrofschaft un de Grof Henri III. vu Léiwe verginn, deen och schonn Grof vu Léiwen a Bréissel war.

Héich- a Spéitmëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

De Grof Gottfried I. vu Léiwen huet 1106 d'Herzogtum Nidderloutrengen kritt. Säin Urenkel Henri I. huet 1183 och den Titel "Herzog vu Brabant" an der Landgroschaft Brabant ugeholl. 1190, nom Doud vum Herzog Gottfried III., gouf en och Herzog vun Nidderloutrengen, hat awer just herzoglech Gewalt iwwer seng eege Lännereien.

No an no hunn d'Herzoge vu Brabant méi Muecht a Selbstännegkeet gewonnen, haten awer dacks sträit mat hiren Noperen an hu mol zum Hellege Réimesche Räich, mol zu Frankräich gehalen. Ënner hinne waren:

  • de Jean I., deen duerch seng Victoire an der Schluecht vu Worringen (1288) d'Herzogtümer Limburg a Brabant vereenegt huet, an och als Minnesänger bekannt ass;
  • de Jean II., deen 1312 d'Fundament fir eng ständesch Verfassung geluecht huet, déi méi spéit an der Joyeuse Entrée (Blijde Inkomst) gereegelt gouf;
  • de Jean III., deen dës Bestëmmungen an der Brabanter Gëllener Bulle 1349 erweidert huet

Nom Doud vum Jean III. 1355 huet de Mann vu senger Duechter Jeanne, de Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Brudder vum Keeser Karel IV., Brabant mat sengem eegenen Ierfland verbonnen. Nom Wenzel sengenm Doud 1383 huet seng Witfra Jeanne hir Niëss Marguerite vu Flandernan hire Mann, den Herzog Philipp de Kéngen vun der Bourgogne, als Ierwen destinéiert. Ufanks huet dem Philippe säin 2. Jong, den Antoine vu Brabant 1404 d'Regierung iwwerholl. Hien huet doropshin d'Herzogtum Lëtzebuerg mam Brabant vereenegt. Den Antoine ass 1415 bei der Schluecht vun Azincourt leie bliwwen.Seng zwéi Jongen an Nofolger sinn ouni Kanner gestuerwen, sou datt d'Brabant, Limburg a Lëtzebuerg 1430 un de Philippe de Gudde vun der Bourgogne gefall sinn. Duerch d'Bestietnes 1477 vun deem senger Duechter Maria mam ÄerzherzogMaximilian goung d'Brabant, mam Rescht vu sengen nidderlännesche Provënzen ,un d'Haus Habsburg.

Brabant war d'Haaptland vun de Spueneschen Nidderlanden, Bréissel hir Haaptstad. Wéi d'Hellegt Réimescht Räich a Räichskreesser agedeelt gouf, koum et an de Burgundesche Räichskrees.

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Brabantia Ducatus 1645

Wéi déi nërdlech Provënze vun den Nidderlande sech vun den Habsburger hirer Herrschaft getrennt hunn, gouf d'Herzogtum Brabant gedeelt, den nërdlechen Deel ronderëm ’s-Hertogenbosch gouf als Deel vun de Generalitéitslanden an d'nidderlännesch Unioun averleift. Südbrabant war bis zu der Franséischer Revolutioun Deel vun de Südlechen Nidderlanden, ënner spuenescher, respektiv éisträichescher Herrschaft.

1790 koum et ënner dem Joseph II. zu engem Sträit ëm d'provënzial Rechter vum Brabant, am Laf vun deem et zu der Brabanter Revolutioun koum. Dës konnt awer kuerz duerno nees gezësst ginn.

1794 gouf de Brabant vun de Fransousen eruewert, an am Fridde vu Campo Formio 1797 mat Frankräich vereenegt. Dat nërdelchen Deel vu Südbrabant gouf zum Departement Deux-Nethes mat Antwerpen als der Préfecture, dee südlechen Deel dovu gouf d'Departement Dyle mat der Préfecture Bréissel. 1810, wéi den Napoleon och d'Kinnekräich Holland a Frankräich integréiert huet, gouf Nordbrabant mat engem Deel vu Geldern zum Departement Bouches-du-Rhin gemaach.

Nom Wiener Kongress gouf den Territoire vum fréieren Herzogtum Brabant Deel vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden a gouf administrativ an d'Provënzen Nordbrabant, Antwerpen a Südbrabant agedeelt.

No der Belscher Revolutioun goufe Südbrabant (als "Provënz Brabant") an Antwerpen Deel vun der Belsch, iwwerdeems Nordbrabant bei Holland blouf. 1995 gouf d'Provënz Brabant an d'Provënze Flämeschen a Wallounesche Brabant an an d'Haaptstadregioun Bréissel opgedeelt.

Zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert ass den Titel "Herzog vu Brabant" dee vum eelste Jong vum Kinnek, oder, wann e kee Jong hhuet, sengem eelsten Enkel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]