Hesper
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Hesper | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hesperange de: Hesperingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Marc Lies (CSV) |
Awunner | 2.412 (2009) |
Koordinaten |
49° 34’ 23’’ N 06° 09’ 19’’ O |
Hesper ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng Hesper am Kanton Lëtzebuerg.
Geographie[änneren | Quelltext änneren]
Hesper läit um nërdlechen Enn vum Uelzechtdall, just do wou de Floss ufänkt an e schmuelen Dall gequëtscht ze ginn, deen déi eng Säit vum Plateau vum Houwald an déi aner Säit vum Holleschbierg a vum Bloebierg gebilt gëtt.
Zu Hesper leeft vun der lénkser Säit d'Drosbech an d'Uelzecht
Duerch Hesper leeft d'Nationalstrooss N3, déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Hesper war zurzäit vum Premier Empire e Kantonalhaaptuert am Département des Forêts.
Vum 20. Februar 1882 bis den 22. Mee 1955 war Hesper iwwer eng Schmuelspuerbunn, de "Jangli", deen d'Streck Lëtzebuerg-Réimech gefuer ass, ugebonnen.
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
- De Park bei der Gemeng zu Hesper
- Sprangbur vum Manon Bertrand
- D'Buerg Hesper, zanter dem 26. Juli 1990 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter ageschriwwen;
- D'Skulptur La Nageuse vum Lucien Wercollier am Hall vum Gemengenhaus;
- De Stadion vum FC Blo-Wäiss Izeg Stade Albert-Kongs;
- Den Holleschbierg mam Sportcenter a mam Stade Alphonse-Theis;
- De Kéibur mat sengen zwou bemierkenswäerte Buchen;
Veräiner[änneren | Quelltext änneren]
- De Klima- an Emweltveräin vun Hesper, KlimaWelt
- De Foussballveräi vun Hesper, den FC Swift Hesper
- De Foussballveräi vun Izeg, den FC Blo-Wäiss Izeg
- Société de Tir aux Armes Sportives de Hesperange
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Kierch vun Hesper
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Hesper – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Galerie[änneren | Quelltext änneren]
- D'Ruine vun der Hesper Buerg. Zeechnung vum Jean-Pierre Schmit an Nicolas Liez
- D'Hesper Buerg. Foto vum Charles Bernhoeft