Het Zinneke

Vu Wikipedia
Het Zinneke
Typ Skulptur
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Koordinaten 50°50'55,67"N, 4°20'44,35"O
Héicht 50 Zentimeter
Material Bronz

Het Zinneke, och Zinneke-Pis genannt[1], ass eng bronze Statu vun engem Mupp, deen d'Bee bei engem Poul hieft. Se gouf 1999 vum Kënschtler Tom Frantzen geschaaft,[2] an um Eck vun der rue des Chartreux mam Vieux-Marché-aux-Grains zu Bréissel opgeriicht. Et war eng Commande vum Comité de quartier des Chartreux, deen domat deen Eck méi attraktiv fir Touriste maache wollt.

Et kann ee s'als eng Zort kanine Pendant zum Manneken Pis (1619), an och zur Jeanneke Pis (1987) gesinn.

Am Bréisseler Dialekt bezeechent Zinneke (en Diminutiv vu Zenne) en Niewenaarm vun deem Floss, deen duerch Bréissel leeft, an och Stroossemuppen (Baaschterten), déi sech do ronderëmgedriwwen hunn. Par Extension gouf de Begrëff (mat positive Konnotatiounen) op Awunner vu Bréissel iwwerdroen, déi vun alle méiglechen Originnen hierkommen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Le Zinneke Pis a disparu." lalibre.be.
  2. "Tom Frantzen" op tomfranzte.be.