Heterogramm (Literaturwëssenschaft)
Ausgesinn
En Heterogramm (vum Griicheschen hétéros: „anescht“ a gramma: „Buschtaf“) ass an der Literaturwëssenschaft en Text (e Wuert oder e Saz), an deem all Buschtaf, dee benotzt gëtt, just genee eemol virkënnt. Den Heterogramm zielt zu den artisteschen Ausdrocksweise vum Lettrismus an ass z. B. an den dadaistesche Gedichter vum Raoul Hausmann (1896–1971) a méi spéit och an de Gedichter vun der Konkreeter Poesie vum Ernst Jandl (1925-2000) ze fannen.
Beispiller
[änneren | Quelltext änneren]- aus dem net-literaresche Beräich
Lëtzebuergesch
[änneren | Quelltext änneren]- Eng blöd Kaz op mäi Jus: 18 Buschtawen
Däitsch
[änneren | Quelltext änneren]- Fix-Münzregalbuch : 16 Buschtawen
- Dialektforschung: 16 Buschtawen, dem Wuertschatz vun der Uni Leipzig no, dat längst reaalt Wuert ouni Widderhuelung vun engem Buschtaf
- Malitschkendorf: 16 Buschtawen, däitsch Uertschaft a Brandenburg
- Heizölrückstoßabdämpfung: 24 Buschtawen, e Konschtwuert
- "Fix, Schwyz!", quäkt Jürgen blöd vom Paß: 30 Buschtawen
Franséisch
[änneren | Quelltext änneren]- Le bon Giscard: 12 Buschtawen
- Lampez un fort whisky: (Alain Brobecker) 18 Buschtawen
- Plombez vingt fuyards: (Alain Brobecker) 19 Buschtawen
- Cinq thyms jugez par kob: 20 Buschtawen
Englesch
[änneren | Quelltext änneren]- subdermatoglyphic: 17 Buschtawen
- uncopyrightables: 16 Buschtawen
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Op Wikifunctions gëtt et eng Funktioun zu dësem Theema |