Grouss-Hetteng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hettange-Grande)
Hettange-Grande
Grouss-Hetteng
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Moselle
Arrondissement Thionville
Kanton Yutz
Postcode 57330
Gemengecode 57323
Koordinaten 49° 24’ 24’’ N
      06° 09’ 14’’ O
Fläch  1 627 ha
Bevëlkerung  7 562 (2007)
D'Kierch vu Grouss-Hetteng

D'Kierch vu Grouss-Hetteng
D'Kierch vu Grouss-Hetteng

Hettange-Grande (Grouss-Hetteng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, eng 7 km vun der Diddelenger Grenz ewech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Hetteng läit beim Dräilännereck Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich.

Duerch Grouss-Hetteng féiert d'Departementsstrooss D653, fréier N53, déi do zu der Voie de la Liberté gehéiert.

D'Gare vu Grouss-Hetteng op der Eisebunnsstreck Metz-Zoufftgen gouf bis 2000 net méi benotzt. Du gouf se dat Joer am Januar erëm aktivéiert, haaptsächlech fir de Persounentransport vun de Frontalieren déi op Lëtzebuerg schaffe ginn, op där Streck méi effikass ze maachen.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

1864 huet de Schwäizer Geolog Eugène Renevier an der Carrière Gries um Terrain vun der Gemeng festgestallt, datt do déi éischt stratigraphesch Etage vum Lias géif leien, déi op seng Propos hin zanterhier Hettangien (de: Hettangium) genannt gëtt. Dës Schicht an der Steekaul Gries ass haut de Stratotypus, dat heescht déi international Referenz fir den Hettangien.[1] D'Schichten aus dem Hettangien sinn tëschent 201,3 ± 0,2 an 199,3 ± 0,3 Millioune Joer entstanen.[2] Zu der selwechter Schicht gehéiert och de Lëtzebuerger Sandsteen. D'Steekaule Gries sinn als geologescht Naturschutzgebitt klasséiert ("réserve naturelle géologique").

E baliséierte Wee an e klenge Musée sinn do fir d'Fossilien an d'Steng besser kennenzeléieren, an och d'Blummen, d'Planzen an d'Déierewelt z'entdecken.

Am Buedem an der Géigend vun Hetteng war nach en anere Räichtum: d'Minett. D'Eiseminne ware vun 1904 bis 1979 a Betrib an d'Aarbechter-Citéen hunn d'Landschaft nohalteg markéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad ass wéinst senger geologescher Bedeitung weltbekannt.

An der Ëmgéigend si verschidden Iwwerreschter vun der Maginot-Linn erhalen. De "petit ouvrage" Immerhof, den eenzegen deen een op deem Deel vun der Maginot-Linn nach besiche kann, ass mat sengen 300 Meter Galerien, senge 4 Bléck a sengen Tourellen, déi nach funktionéieren, perfekt erhalen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Et si vill Spadséiergäng méiglech an enger Stad déi nach relativ vill gréng ass: zum Beispill an den 1000 ha Bëscher, déi méi wéi e Véirel vun der Gemeng ausmaachen, an zu deenen den Hettenger Staatsbësch gehéiert, oder an de verschiddene Quartiere vun der Stad wou ee Skulpture bewonnere kann.

Hetteng a Séitrech si loutrengesch Dierfer wou nach "Bildstocken" (Weekräizer) ze gesi sinn.

Bevëlkerungsentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Joer 1962 1968 1975 1982 1990 1999 2007
Awunner 4502 5037 5621 5786 5734 6356 7562

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hanzo, M. (coord.), 2012. Stratotype Hettangien. Muséum national d'histoire naturelle, Paris et Biotope éditions. 317 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grouss-Hetteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Hanzo, M., 2012. Stratotype Hettangien.
  2. Charte stratigraphique internationale (2012)