Heywood Hardy

Vu Wikipedia
Heywood Hardy
Gebuer 25. November 1842
Gestuerwen 1933
West Sussex
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Moler, Graveur
The prized puppy (1906)

Den Heywood Hardy, gebuer zu Chichester de 25. November 1842 a gestuerwen den 20. Januar 1933, war e brittesche Moler. Hien huet haaptsächlech Biller vun Déieren, sportleche Sujeten, a Portraite gemoolt.

Den Heywood war de Bouf vum James Hardy, Sr. (1801-1879), an de Brudder vum James Hardy, Jr. (1832-1889).

Den Hardy ass mat 17 doheem erausgeplënnert, an huet sech säi Liewe mat Mole vun Déierebiller verdéngt. Eng kuerz Zäit huet hien Zaldot bei de 7th Somerset Volunteers gespillt. Duerno huet hie sech bei sengem Brudder Sue geléint, fir kënnen op Paräis ze goen. Vun 1864 un huet hien do op de Beaux Arts studéiert. Säi Léiermeeschter war de Pielse, e Moler deen haaptsächlech Krichszeene gemoolt huet. Wéi hien 1868 an England zeréckkoum, gouf et eng grouss Nofro fir seng Biller. Hie gouf dacks op grouss Landgidder invitéiert, fir do d'Déieren an d'Portraite vun de Besëtzer ze molen, Juegdzeenen hunn och heiansdo dozou gehéiert.

Donieft huet hien Illustratiounen a Radéierunge fir Magazinner gemoolt wéi fir Illustrated London News a The Graphic.

1870 ass den Hardy mat senger Famill op St. Johns Wood, bei London geplënnert, wat déi Zäit e bekannten Artistequartier war. Et war dat och déi Zäit, an där hie seng gréisst Succèsen hat, hie gouf Member vu verschiddenen Artisteveräiner, wéi d'Royal Society of Painter-Etchers and Engravers, de Royal Institute of Oil Painters an d'Royal Society of Portrait Painters.

1909 ass den Heywood Hardy an de West Sussex geplënnert a mat 83 Joer huet hie fir d'700 Joerfeier vun der Parkierch zu Climping eng Serie vun 8 Panneaue gemoolt, déi biblesch Zeenen am Chouer vun der Clymping Church duergestallt hunn. Déi Biller haten deemools e bëssche fir Opreegung gesuergt, well hien de Jesus a Landschafte vun de Sussex Downs, oder op Felder aus der Géigend, zesumme mat Leit déi do gewunnt a geschafft hunn duergestallt huet.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Royal Academy, 1864 - 1919 (46 Wierker)
  • Royal Society of British Artists, Suffolk Street, 1863 - 1871
  • British Istitution
  • Old Watercolour Society

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heywood Hardy – Biller, Videoen oder Audiodateien