Hickson Compact Group

Vu Wikipedia
Hickson Compact Grupp 7 (Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop)

Eng Hickson Compact Group (kuerz: HCG) ass eng Grupp vu Galaxien, aus dem Katalog vum Paul Hickson vun 1982.

Déi bekanntst Grupp op der Lëscht vu ronn 100 Objeten ass den HCG 92, besser bekannt als Stephans Quintett.

D'Hickson Compact Gruppe gi sou beschriwwen:

Déi meescht kompakt Gruppen hu vill Galaxië mat morphologeschen oder kinemateschen Eegenheeten, nuklearer Radiostralung an Infraroutemissiounen, vill Stäregebuerten oder aktiv Galaxiëkären. Si hu vill Gas a gi vun donkeler Matière dominéiert. Hefteg Kollisiounen tëscht Galaxië kënnen Aggregatiounen ausléisen a kënnen zum spéideren Ënnergank vun der Grupp féieren. Kompakt Gruppe gëtt et iwwerraschend vill, a kënnen eng wichteg Roll an der Entwécklung vu Galaxië spillen.

E puer Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Hickson Compact Grupp 59, eng Foto vum Hubble-Weltraumteleskop
HCG 31, Foto vum Hubble-Weltraumteleskop
HCG 31.
HCG 44 vum Hunter Wilson

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]