Hiefdeeg
Ausgesinn

Hiefdeeg ass en Deeg aus Miel, Waasser an Hief. Jee no Aart vum Gebäck gi weider Ingrediente wéi Salz, Zocker, Mëllech, Fett, Eeër, oder Friichten dobäigemaach.
Den Deeg gëtt mat Hëllef vun der Hief méi lëfteg. D'Hief ass e Mikroorganismus, deen Zocker vergäert an dobäi Kuelendioxid (CO₂) bilt. Dee Gas léisst den Deeg opgoen a mécht e lëfteg a mëll.[1] Fir datt den Deeg opgeet, dat heescht sech ausdeene kann, muss en eng Zäit laang bei waarmer Tempreatur rouen. Duerno huet en eng elastesch a mëll Konsistenz.
Hiefdeeg gëtt villsäiteg gebraucht, zum Beispill fir Brout a Pizza, oder och nach fir Bretzelen, Schuedien, Nonnefäscht, Stollen oder Gugelhupf.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hiefdeeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Was machen eigentlich Hefe und Sauerteig?. Bundeszentrum für Ernährung (BZfE) (18. Juni 2025). Gekuckt den 22. Januar 2025.