Grenz (Esch-Uelzecht)
| Verwaltung | |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Esch-Uelzecht |
| Geographie | |
| Koordinaten | 49°29'16"N, 5°58'24"O |
| Transport | |
|
| |
D'Grenz ass e Quartier vun Esch-Uelzecht, am Südweste vun der Gemeng.
Wéi den Numm et seet, ass et dee Quartier dee bis bei d'Grenz mat Frankräich (Gemeng Däitsch-Oth) geet. D'Haaptstrooss vum Quartier ass d'Rue d'Audun (d'Other Strooss), iwwer déi zum Deel d'Nationalstrooss 4 geet. No Süden hi gehéieren d'Haiser an der Hiel derzou, mat der Rue Jean-Pierre Bausch (fréier einfach Rue Hiel genannt), an dolaanscht der fréierer Kolonie vun Aarbechterhaiser vun der Brasseurs Schmelz. Um Terrain vun dëser Schmelz (déi spéider Arbed Terres Rouges housch an déi an den 1970er Joren zougemaach gouf) ass zanter 2023 en neien urbanistesche Projet, Rout Lëns genannt, am Gaang z'entstoen.[1]
D'Grenz ass bekannt dofir, well do absëns an den 1960er Joren eng ganz Rëtsch Dancinge waren, wéi Hein, Astoria, Viola, Rossi, Bernardo, an duerno an den 1970er Joren en ettlech Diskothéiken wovun déi bekanntst de Standing war. Och bis haut fënnt een do ë. a. Nightclubs a Baren.[2]
D'Escher Grenz ass och d'Heemecht vum bekannte Foussballclub Jeunesse Esch, deen do säi Stadion huet.
Hiel
[änneren | Quelltext änneren]"Hiel" (a fréierer Schreifweis Hiehl) ass de vernakulären Numm vun deem Deel vun der Grenz am Dall tëschent dem Gaalgebierg an dem Kazebierg, südlech vun der Eisebunnslinn, déi se vum Rescht vun Esch trennt.
An der Zäit vum Ofbau vun der Minett war d'Hiel Zougank zu de Grouwen Heintzebierg, Eisekaul, Kazebierg), asw., déi iwwer Stroossen a Schmuelspurbunnen d'Minett op en Eisebunnsquai, respektiv iwwer Fërderbänner, direkt an d'Schmelz vun Terre Rouge bruecht hunn.
Entwécklung
[änneren | Quelltext änneren]D'Hiel huet sech an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert entwéckelt, wéi d'Luxemburger Bergwerks- und Saarbrücker Eisenhüttengesellschaft ënnert der Leedung vum Victor Tesch do déi éischt Aarbechterwunnengen nom Stil vun de Saarbrücker Kasernen gebaut huet[3], déi fir d'Arbechter vun der Brasseurs Schmelz geduecht waren[4]. D'Hielstrooss (rue Hoehl; haut: rue Jean-Pierre Bausch) war déi éischt Strooss, déi dësen neie Quartier strukturéiert huet.
Kuerz virum 20. Joerhonnert gouf d'Hiel lues a lues méi dicht bebaut, ënner anerem op Initiativ vum Aachener-Hütten-Aktien-Verein. Et sinn nei Stroossen entstanen (Grubenstrasse, Aachener Strasse), mä trotz dem demographesche Wuesstem ass de Quartier marginaliséiert bliwwen. Et gouf weiderhi keng Kierch a keng Maartplaz, an eréischt 1897 gouf ee Wäschbuer installéiert.[3]
Um Enn vum 19. Joerhonnert hunn an der Hiel e Mix vu Lëtzebuerger an italieeneschen an däitsche Migranten gewunnt. Am Géigesaz zu anere Stied, wei zum Beispill zu Diddeleng (Kleng Italien), huet dee Quartier awer keen ethnesche Spëtznumm kritt.
Den Terrain vun der Jeunesse Esch, deen 1920 gebaut gouf, huet sech zum Zenter vun der Hiel entwéckelt[3]. Wärend dem Zweeten Weltkrich gouf an der Hiehl ee Lager fir Ostarbeiter. Eng wichteg Roll huet och déi sougenannt Casa Grande - Casa dei Romagnoli gespillt.
Gebaier
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Fréier Aarbechterkolonien, rue Renaudin
- d'Other Strooss Richtung franséisch Grenz
- Fréiert Direktiounsgebai vun Terres Rouges/ Arbed Mines.
- Haiser an der Avenue des Terres-Rouges
- Museksconservatoire (fréieren Arbeds-Casino)
- de Stadion Op der Grenz
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Emil Colling: Den Dokter vun der Grenz - E Stéck Escher Chronik vum Emil Colling 1899-1981. Luxembourg, 1999.
- Marco Goetz et Romain Fellens, « Die “Hiehl”, oder das etwas andere Esch », Tageblatt, 21 juillet 1990, p. 19.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ routlens.lu.
- ↑ France Clarinval: "C'était au temps où la rue d'Audun dansait." In: Land 25.08.2023, Nr.34, S.9.
- 1 2 3 Daniel Richter, Grüne Mauern und der Mythos der "ausgebliebenen Proletarisierung" - Periphere Arbeiterstraßen in der industrialisierten Kleinstadt Esch/Alzette zwischen Urbanität und Ruralität (1890-1935), PhD, Université of Luxembourg, 2024.
- ↑ Legacy of the past. Industrial tourism in southern Luxembourg, Pétange, Fondation Bassin Minier, 2022.
