Op den Inhalt sprangen

Hilda Rau-Scholtus

Vu Wikipedia
Hilda Rau-Scholtus
Gebuer 20. Februar 1939
Rammerech
Gestuerwen 10. Oktober 2025
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politikerin
Famill
Bestuet mat Fernand Rau

D'Hilda Rau-Scholtus, gebuer als Hilda Scholtus den 20. Februar 1939 zu Rammerech[1], a gestuerwen den 10. Oktober 2025 an der Stad Lëtzebuerg[2], war eng lëtzebuergesch Politikerin.

D'Hilda Scholtus war d'Fra vum Ekonomist a Politiker Fernand Rau, deen uganks an der CSV aktiv war. Am November 1992 koum et zu engem Sträit, well dem Fernand Rau e Posten als neie Member vun der Europäescher Kommissioun vun de Regierungsparteie versprach gi war, ma en deen net kritt hat. D'Hilda Scholtus ass dunn am Mäerz 1993 zesumme mat hirem Mann aus der CSV aus- an an d'ADR agetrueden. Nom Doud vun hirem Mann, den 2. Juni 1994, huet si d'Neutral an onofhängeg Mënscherechterpartei (NOMP) gegrënnt. D'Partei ass am Joer 1994 bei de Chamber- an Europawalen ugetrueden; d'Spëtzekandidatin am Zentrum war d'Hilda Rau-Scholtus. Vun der NOMP ass kee Kandidat an d'Chamber gewielt ginn an et huet een duerno näischt méi vun der Partei héieren.

Vun … bis war d'Hilda Scholtus Member vum Stater Gemengerot[3].

D'Hilda Scholtus war eng vun de féierende Figuren an der krimineller Sekt vum Engel Albert.[4]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Gloria Verlag, S. à r.l., Société à responsabilité limitée. memorialc.public.lu (05.02.2014). Gekuckt de 15.10.2025.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 15. Oktober 2025, S.30
  3. (de) Lëtzebuerger Land, Die Zerstörung der Vernunft. Lëtzebuerger Land (17.12.2021). Gekuckt de 15.10.2025.
  4. "Engel Albert: Von allen guten Geistern verlassen?" In: Revue, 46. Jg., nº 2 (10.01.1990), p. 18 [Digitised by the National Library of Luxembourg].