Hisbollah
Hisbollah Partei vu Gott حزب الله | |
---|---|
![]() | |
Generalsekretär | Naim Kassim |
Gegrënnt |
1982: Miliz 1985: Partei |
Parteizentral | Beirut, Libanon |
Ideologien |
Schiiteschen Islamismus Schiiteschen Dschihadismus Islameschen Nationalismus Antizionismus Panislamismus Antisemitismus |
Politesch Positioun | Rietsextrem |
International Affiliatioun | Achs vum Widderstand |
Faarf | Giel a Gréng |
Libaneesescht Parlament |
15/128 Sëtz |
D'Hisbollah ((ar) حزب الله Hezbollah, och geschriwwen Hezbollah, Hezbollah) ass eng islamistesch schiitesch Partei an Terrororganisatioun am Libanon, déi haaptsächlech duerch d'Ënnerstëtzung vum Iran an duerch hir eege kriminell Geschäfter finanzéiert gëtt. Als "Staat an engem Staat" kontrolléiert d'Hisbollah de Libanon net nëmme militäresch duerch seng Miliz, mä och politesch duerch seng Partei. Fir de Libanon ass d'Hisbollah militäresch méi bedeitend wéi d'Arméi vum Libanon, déi sech als Unhänger vun der Hisbollah gesäit. D'Hisbollah gëtt vu ville Länner als terroristesch Organisatioun bezeechent, dorënner Däitschland an d'USA. D'Hisbollah ass a Groussbritannien, Japan, Kanada, Holland, den USA, zanter Abrëll 2020 an Däitschland an zu Lëtzebuerg[1], an zanter Mee 2021 an Éisträich verbueden.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Hisbollah ass 1982 als paramilitäresch Ënnergrondorganisatioun entstanen, déi duerch d'Fusioun vu verschiddene schiitesche Gruppen entstanen ass, mam Zil fir Widderstand géint d'israeelesch Invasioun ze leeschten. D'offiziell Grënnung war dunn 1985. D'Héichbuerge vun der Organisatioun sinn am Süde vum Libanon, am Bekaa-Dall an am Süde vu Beirut. Un der Spëtzt sti schiitesch Geléiert. De revolutionäre Leeder vun der islamescher Republik Iran, Ali Khamene'i, gëtt als héchst spirituell Autoritéit ugesinn. De Generalsekretär a Chefkommandant vun den Hisbollah-Milize war vun 1992 bis 2024 den Hassan Nasrallah, deen am israeelesch-palestinensesche Konflikt ëmbruecht gouf.
D'Hisbollah ass och zënter 1992 an der libanesescher Nationalversammlung vertrueden. Zënterhier huet d'Hisbollah sech zu engem militäreschen, sozialen a politesche Muechtfaktor entwéckelt. No de Parlamentswalen 2018 huet se 13 Mandater, wat ronn 10 % vun den Deputéierten ausmécht, an ass a verschiddene Kabinetter vun der libanesescher Regierung vertrueden. D'Hisbollah iwwerwaacht och zivilgesellschaftlech Organisatiounen, wéi zum Beispill den Islamesche Gesondheetskommitee, dee seng eege Spideeler an ambulant Klinicke bedreift an den delabréierte staatleche Gesondheetssystem ersetzt.
D'Hisbollah ass fir vill Attacke géint d'israeelesch Arméi verantwortlech. D'Grupp huet de syresche President Bashar al-Assad am syresche Biergerkrich ënnerstëtzt a gëtt als Alliéierte vum Iran ugesinn. D'Hisbollah gehéiert zesumme mat den Huthi-Rebellen aus dem Jemen an der Hamas aus der Gazasträif zu der "Achs vum Widderstand".
No der Zerstéierung vun der Hisbollah-Infrastruktur am Hierscht 2024, betruechten e puer Experten[Wien?] d'Hisbollah net méi als eng "onofhängeg Miliz", mä éischter als en Deel vun der "Quds-Brigad", déi vun der islamescher Revolutiounsgard gesteiert gëtt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Hisbollah – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Betätigungsverbot für Hisbollah: Razzien in vier Bundesländern. Luxemburger Wort (08.04.2025). Gekuckt de(n) 08.04.2025.