Op den Inhalt sprangen

Historesch Regioune vu Finnland

Vu Wikipedia

D'historesch Regiounen (fi. historialliset maakunnat, sv. historiska landskap) si fréier administrativ oder kulturell Gebidder vu Finnland, déi hiren Urspronk an de slottslän (fi. linnalääni) hunn, enger administrativer Opdeelung déi am ganze Kinnekräich Schweden, vum spéiden 13. Joerhonnert bis an d'Joer 1634 bestoung. Se sinn dunn als administrativ Entitéiten ofgeschaaft a mat Provënzen (fi. läänit, sv. län) ersat ginn, eng Reform, déi a Finnland bis 1997 a Kraaft bliwwen ass.

Historesch Regioune vu Finnland
(giel agezeechent: d'Grenze vun den haitege Regiounen)
Historesch Regioune vu Finnland[1] bis 1634
Wopen Regioun (fi) (sv)
1 Festland-Finnland Varsinais-Suomi Egentliga Finland
2 Uusimaa Uusimaa Nyland
3 Satakunta Satakunta Satakunda
4 Häme Häme Tavastland
5 Savo Savo Savolax
6 Karelien Karjala Karelen
7 Österbotten Pohjanmaa Österbotten
9 Lappland Lappi Lappland
9 Åland Ahvenanmaan Åland
 Commons: Historesch Regioune vu Finnland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Nummeréierung a Bezeechnungen (Finnesch a Schweedesch) esou wéi am Dokument “TOPONYMIC GUIDELINES FOR MAP EDITORS AND OTHER EDITORS” (2004), S. 28 (6.2 Historical provinces)