Hitterchersspill

Vu Wikipedia
Hieronymus Bosch: Den Hitterchersspiller

D'Hitterchersspill ass eng Form vum Trickbedruch, dat sech d'Ausgesi vun engem normale Geschécklechkeetsspill gëtt.

D'Hitterchersspill gëtt besonnesch a méi grousse Stied an de Foussgängerzonen, ëffentlech Plazen oder an Uertschaften, déi vun Touristen iwwerlaf sinn, opgefouert.

Den Hitterchersspill stellt op enger fester Ënnerlag, déi sech banne kuerzer Zäit "verschwannen doe" léisst, dräi "Hittercher" op. Dat kënnen Nossschuele sinn oder iergendeppes a Form vun engem Dëppchen. Ënner ee vun den "Hittercher" leet de Spiller e klengen Objet, eng Ierz oder e Fixspounskapp. Dacks sti vill Leit ronderëm den Hitterchersspill, allerdéngs sinn dat Leit déi nëmme lackele sollen, a meeschtens gewannen dës ageweite vum Spill dann och déi eng oder aner Partie. Doropshi ginn d'Spectateuren opgefuerdert, Suen drop ze verwetten ënner watfir engem "Hittchen" den Objet ass, nodeem de Spillmécher se séier hin an hier geréckelt huet. Wann den Hitterchersspill säi Fach gutt kennt dann ass nom beweege vun de Schuelen den Objet néirens méi drënner. Elo kann d'Affer säi Gléck probéieren, well et jo gesot krut datt säin Asaz duebel ausbezuelt gëtt am Fall wou hie gewënnt.

Dëst funktionéiert gutt bei Touristen déi den Trick net kennen, a well dëse Mobille Bedruch séier ka verschwannen hunn d'Täter och meeschtens eng virdefinéiert Ausstigsstrategie.

Am iwwerdroene Sënn gëtt den Ausdrock Hitterchersspill fir eng Persoun gebraucht, déi aner Leit iwwer d'Ouer heet, ouni datt déi dat solle mierken.