Hobich

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hobuch)
Hobich
Hobich
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Fagales
Famill Betulaceae
Ënnerfamill Coryloideae
Gattung Hobichen (Carpinus)
Wëssenschaftlechen Numm
Carpinus betulus
Linnaeus
Eng Hobich am Summer
Blat vun der Hobich
Carpinus betulus

D'Hobich, Carpinus betulus, ass e Lafbam aus Mëttel- a Westeuropa, deem säi Vebreedungsgebitt mat deem vun der Buch zimmlech iwwerenee stëmmt, mat Ausnam vum Nordoste wou se méi wäit wéi d'Buch virstéisst.

Hir Grenz an der Héicht ass an de Mëttelbierger tëscht 400 a 600 Meter. An den Alpe ka se plazeweis bis op 1000 Meter goen.

Si wiisst gutt zesumme mat Eechen, an op Biedem mat Quellen, oder Sickerhorizonten, ass et eng ideal Bäimëschung fir Eschen. Op dréchene Biedem leescht se och gutt Déngschter wa se a Kiferbestänn bäigemëscht ass.

Habitus an Alter[änneren | Quelltext änneren]

D'Hobich ass e summergrénge Lafbam, dee bis zu 25 Meter héich gëtt an en Duerchmiesser vu bis zu engem Meter erreeche kann. Am Kaukasus kann dëse Bam souguer 35 Meter héich ginn. Den Alter läit bei bis zu 150 Joer. An dichte Bestänn hunn dës Beem e Schaft vun 8–10 m, am Extremfall souguer 18 m. De Stamm ass dacks kromm.

Solitärbeem bilden eng breet oval Kroun.

Knäpp, Blieder a jonk Äscht[änneren | Quelltext änneren]

D'Blieder sinn duebel gezackt, d'Wanterknospe si spëndelfërmeg a 5–8 mm laang, si leien dicht um Zweig. D'Knospeschuppe si brong bis routbrong an um Rand bewimpert. D'Bléieknospe si méi grouss an net sou spatz wéi déi vegetativ Knospen.

D'wiesselstänneg Blieder si 4–10 cm laang an 2–4 cm breet, eefërmeg an zougespëtzt. Déi ënnescht Säit vun de Blieder ass am Ufank behoert, méi spéit awer net méi. D'Hierschtfaarf ass giel, a se hänken dacks nach am brongen Zoustand am Fréijoer un den Äscht.

Déi jonk Äscht si blénkeg brong (bis gréng-brong) a schwaach behoert. Méi spéit gi se brong-gro a plakeg. Si hu vill wäiss elliptesch Lentizellen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carpinus betulus – Biller, Videoen oder Audiodateien