Hodimont

Vu Wikipedia
Hodimont
Vue an d'Rue de Hodimont
An der Mëtt vum Bild
d'Kierch Saint-Antoine vu Verviers
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Verviers
Fläch 30 ha
Koordinaten 50° 35’ 44.91’’ N
      05° 51’ 14.22’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4800

Hodimont ass e Quartier vun der belscher Gemeng Verviers an der Provënz Léck.

Vu 1783 un huet Hodimont zu Petit-Rechain gehéiert fir da 1789 eng eegestänneg Gemeng ze ginn. 1930 huet Hodimont du mat Verviers fusionéiert.

Hodimont läit op enger Héicht vu ronn 165 Meter um rietsen Uwänner vun der Vesdre am nërdlechen Deel vun der Stad Verviers.

Ofgrenzung[änneren | Quelltext änneren]

Am Westen an am Oste huet de Quartier als natierlech Grenz déi mat Bësch bewuessen Häng vum Dall vum Ruisseau de Dison. Am Weste gouf déi Grenz nach mam Bau vun der Autobunn A27/E42 op der Kopp renforcéiert. Am Süde mécht d'Vesdre d'natierlech Grenz mat Veviers, an am Norde gëtt de Quartier mam Dall ëmmer méi enk an d'Grenz ass physesch net méi sou einfach ze definéieren, well d'Verlängerunge vun der Rue de la Grappe a vun der Rue de Dison staark bebaut sinn a sou den Iwwergank an d'Nopeschuertschaft Dison éischter fléissend ass. Eng Nationalstrooss, déi an de 70er Jore gebaut gouf, spléckt de Quartier praktesch an zwee.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi am 15. Joerhonnert d'Wollindustrie ugefaangen huet sech zu Verviers breetzemaachen, waren d'Follmillen déi éischt Strukturen déi sech etabléiert hunn, alues a lues goufe rondrëm déi Wunnenge fir d'Aarbechter gebaut déi aus der ganzer Géigend dohi schaffe koumen. Déi Zouwanderung war massiv bis ëm 1660. Am 18. Joerhonnert goufen déi éischt Fabrécken zu Hodimont gebaut. De Quartier wéi en haut ass, huet sech déizäit op déi zwou Gemenge Verviers an Hodimont verdeelt déi vun der Vesdre an dem Ruissesau de Dison an zwee gspléckt gouf, den ëstlechen Deel huet zu Verviers gehéiert, an de westlechen zu Hodimont.

Den westlechen Deel deen deemoools zum Herzogtum Limburg gehéiert huet, huet d'Fabrikanten ugezunn, well do manner Taxen hu misse bezuelt ginn wéi zu Verviers dat zum Prënzbistum Léck gehéiert huet. Dat erkläert fir wat een do méi schéin Haiser fënnt wéi am ëstlechech Deel wou déi méi aarm Leit gewunnt hunn. An der Rue Jules Cerexhe goufen tëscht 1709 a 1777 d'Härenhaiser vun de gréisste Wollproduzente gebaut, déi bis op eng Ausnam haut nach all do stinn. D'Haiser an der ganzer Strooss bis op zwou Ausname sinn als Nationalmonumenter klasséiert oder stinn um Inventaire du patrimoine.

Am 19. Joerhonnert hunn d'Industrie an de Bau vun Aarbechterhaiser de ganzen Dall a Richtung Dison eruewert.

Wéi nom Zweete Weltkrich den Autostrafic ëmmer méi grouss gouf, gouf wéi op ville Plazen, mol eng grouss Strooss, d'N627 queesch duerch de Quartier gebaut. An der Folleg vun engem Plan d'aménagement vun 1978 gouf eng nei Bréck iwwer d'Vesdre gebaut, de Pont Parotte. An den 1970er huet d'Immobilegesellschaft La régionale veviétoise e puer grouss Haiser gebaut (Rue St. Antoine a Rue du Moulin) sou wéi am Kader vun der rénovation urbaine och e puer méi kleng Gebaier. A weider Projet vun enger Demi-ceinture fir d'Stad mat Héichhaiser ze verschampléiere gouf awer du verworf. An deene Jore gouf och de Schoulkomplex an der Rue de la Chapelle gebaut. op där Plaz wou virun der Fusioun mat Verviers d'Gemengenhaus stoung. D'Rue de la Grappe, den Haaptaccès fir op Dison gouf och déi Zäit nei amenagéiert. Dobäi gouf do op hirer ganzer Längt d'Baach vun Dison ganz ënnerierdesch kanaliséiert. Op der Kräizung mat der Rue de Hodimont gouf e grousse Rond-point gebaut a just dernieft am Ufank vun der Montagne de l'Invasion gouf den neie protestanteschen Tempel opgeriicht, fir deen aus der Rue de Saucy, deen opgerappt gi war, z'ersetzen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hodimont – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch