Hollerecher Schluechthaus

Vu Wikipedia
Hollerecher Schluechthaus
D'Westfassad vum Hollerecher Schluechthaus am Oktober 2017
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Hollerech
Adress 5, rue de l'Abattoir
Koordinaten 49° 36’ 02.63’’ N
      06° 06’ 55.51’’ O
Statut Klasséiert Monument
Datum vum Bau 1902

D'Hollerecher Schluechthaus ass e fréiert Schluechthaus am Stater Quartier Hollerech, dat haut fir kulturell a sportlech Zwecker benotzt gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Stater Schluechthaus[änneren | Quelltext änneren]

1867 huet de Gemengerot sech fir de Bau vun engem eegenen, ëffentleche Schluechthaus ausgeschwat. 1874 ass ënner dem Pafendaller Viaduc, wou haut d'Jugendherberg vun der Stad Lëtzebuerg steet, mam Bauen ugefaange ginn. D'Gebai huet 226.818 Lëtzebuerger Frang kascht an ass zwee Joer méi spéit opgaangen[1].

Well ëmmer méi Awunner an der Stad awer ëmmer méi Fleesch giess hunn, huet dat Pafendaller Schluechthaus den Ufuerderunge séier net méi entsprach. Schonn 1902 hat e méi modernt Schluechthaus an der deemoleger Gemeng Hollerech seng Dieren opgemaach, an deem zum Beispill och déi éischt Killanlag am Land stoung. Wéi d'Gemeng Hollerech 1920 dunn an d'Gemeng Lëtzebuerg integréiert gouf, ass d'Entscheedung getraff ginn, een eenzegt zentraalt Schluechthaus mat Killanlagen an engem Véimaart ze bauen. Als Standuert gouf Hollerech gewielt, wou en Areal vu véier Hektar zur Verfügung stoung, dat un dat aalt Schluechthaus gegrenzt huet[1].

D'Schluechthaus ass den 30. Dezember 1929 a Betrib gaangen a gouf den 20. Juni 1930 offiziell vum Buergermeeschter Gaston Diderich ageweit[1].

Iwwer déi nächst 50 Joer ass d'Hollerecher Schluechthaus reegelméisseg erweidert an op den neiste Stand gesat ginn. Esou sinn an den 1950er Joren d'Schwäiställ vergréissert an d'Schwéngshal moderniséiert ginn. An den 1960er si Verkafsstänn mat eegene Killraim an engem Déifkillraum gebaut ginn, an 1968 ass dat modernt Schnellkillverfaren agefouert ginn. Dëst war eng vun den deiersten Ëmbauten am Komplex: ënner anerem goufen zwee Schnellkilltunnelle fir jee 100 grouss Déieren an dräi Tunnelle fir am Ganze 600 Schwäin installéiert. An den 1970er ass dunn nach en automatescht Schluechtband an d'Randshal agebaut ginn[1].

1980 goufen am Schluechthaus all Joer 4.000 Tonne Fleesch produzéiert[1].

Mam Schluechte war et den 1. August 1997 eriwwer, d'Schluechthaus gouf du fir zerguttst zougemaach[2].

Aner Zwecker[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems net méi geschluecht gouf, huet dat fréiert Schluechthaus sech lues a lues zu engem Treffpunkt vun der Lëtzebuerger Inlineskate- a Graffiti-Zeen etabléiert an et gouf en Indoor-Skatepark amenagéiert an deem och Kompetitioune organiséiert goufen[3][4]. Am Kader vun engem Graffiti Jam kruten d'Graffitisprayer d'Méiglechkeet hir Konscht legal op d'Maueren ze sprayen[4].

Deeler vum Gebai goufe vun 1999 bis …[Wéini ?] vum Lëtzebuerger Roude Kräiz benotzt fir Ambulanzen ënnerdaach ze stellen[4]. Och de Service des Sports vun der Stad Lëtzebuerg hat vun 1999 u seng Garagen a Büroen do, ier en uganks 2021 op d'Cloche d'Or nieft de Stadion geplënnert ass[5].

Am Joer 2000 war en zweete Graffiti Jam un deem ronn 50 Graffiti-Kënschtler deelgeholl hunn an déi ganz Enceinte vum fréiere Schluechthaus dekoréiert hunn.

2010 gouf annoncéiert, datt Den Atelier géif an d'Hollerecher Schluechthaus plënneren[6],[7]. Déi Iddi ass wéinst Protester vun den Awunner aus der Ëmgéigend méi spéit awer erëm fale gelooss ginn[8].

Am Mee 2012 ass de Skatepark fir 50.000 EUR renovéiert ginn[9] an am Juli vum selwechte Joer offiziell ageweit ginn. En huet eng Fläch vu 500 m²[10].

A senger Ried iwwer d'Lag vun der Natioun 2016 huet de Premierminister Xavier Bettel ugekënnegt, datt am Schluechthaus bis 2020 Start-Up-Entreprisë solle baséiert sinn[11].

Am Kader vun de Journées du patrimoine 2019 gouf eng Porte ouverte organiséiert bei där déi Interesséiert de Site vum fréiere Schluechthaus besiche konnten. Duerno war eng éischt Biergerconsultatioun wou d'Awunner hir Virstellunge presentéiere konnten, wéi den alen Industriesite urbanistesch an architektonesch ëmfunktionéiert kéint ginn.

Am Projet fir dat zukünftegt „Schluechthaus“ ass virgesinn, datt nieft de Graffitien och de Skatepark bestoe bleift an eventuell vergréissert gëtt. Do dernieft si véier Beräicher definéiert déi an de Propose berécksiichtegt musse ginn: Kultur, Sport, Commerce an en intergenerationelle Projet. An engem Deel vum Projet soll och e Creative Hub entsoen[12].

Am August 2022 gouf eng éischt Phas vun engem Architekteconcours ausgeschriwwen, dëst deels op Basis vun der Biergerconsultatioun vun 2019. Am Fréijoer 2023 goufen op enger neier Porte ouverte sechs Architekte-Projete virgestallt an eng zweet Biergerbedeelegung gouf lancéiert.

En drëtte Graffiti Jam gouf am Mee 2023 ofgehalen an déi dräi Projeten déi an déi final Phas koumen, goufe virgestallt. De Laureat vum Concours gëtt am Laf vum Hierscht 2023 bekannt gemaach.

360°-Vue
360°-Vue

Klassement vum Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Op d'Demande vum Kulturministère fir Deeler vum Gebai als nationaalt Denkmal ze schützen huet de Stater Gemengerot uganks März 2021 e positiven Avis ofginn[5]. Den 11. Februar 2022 gouf et als nationaalt Monument klasséiert.[13]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hollerecher Schluechthaus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Ons Stad 3 (1980) - Der hauptstädtische Schlachthof
  2. Eine sentimentale Angelegenheit - Das Verwirrspiel um die Zukunft des hauptstädtischen Schlachthofs ist vorbei d'Lëtzebuerger Land, Nr. 32/1997, S. 5
  3. Tageblatt: Der Traum von großen Wänden (5. August 2008)
  4. 4,0 4,1 4,2 (fr)Schluechthaus – Évolution d'un espace partagé. City Septembre 2023 by Maison Moderne - issuu.com. VDL (2023-08-30). Gekuckt de(n) 2023-09-06.
  5. 5,0 5,1 Neubau des Service Sports: Schuldfrage klären, Schaden beheben. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-03-09). Gekuckt de(n) 2021-12-19.
  6. rtl.lu: "den Atelier" an aalt Schluechthaus (17. November 2010)
  7. Tageblatt: “Den Atelier” bald im Schlachthaus (17. November 2010)
  8. Tageblatt: Atelier geht nicht ins Schlachthaus (17. Mäerz 2011)
  9. Altes Schlachthaus Hollerich (8. Maërz 2015)
  10. Luxemburger Wort: Un skatepark flambant neuf pour les jeunes à Hollerich (5. Juli 2012)
  11. Paperjam: Des start-up «d'ici 4-5 ans» aux anciens abattoirs (27. Abrëll 2016)
  12. David Thinnes, Alt und Neu verbinden (17.12.2021) Gearchiveerd op 2021-12-19. Gekuckt de(n) 19.12.2021.
  13. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).